Wéi um Sonndegmoie matgedeelt gouf, ass d'Schauspillerin Ruth Maria Kubitschek am Alter vun 92 Joer an der Schwäiz gestuerwen.

Si hat an hirer Karriär an iwwer 160 Filmer a Serië matgespillt. Dozou ziele Rollen am Traumschiff, Derrick, der Kommissar, Tatort oder Rosamunde Pilcher-Verfilmungen, fir just déi ze nennen.

En éischten Optrëtt an engem Film hat d'Ruth Maria Kubitschek 1953 a "Jacke wie Hose", ënnert der Regie vum Eduart Kubat. Si gouf virun allem duerch hir Rollen an de Serië "Monaco Franze" an "Das Erbe der Guldenburgs" bekannt.

Am Joer 2011 krut si e Bambi fir hiert Liewenswierk. An engem Kinosfilm hat si fir d’lescht 2013 matgespillt.

RTL

© AFP

2013 gouf d'Ruth Maria Kubitschek an der Schwäiz agebiergert an huet och do bis zu hirem Doud gelieft.