Am Alter vun 88 Joer
Doud vum schwäizeresch-franséische Kënschtler Ben Vautier

© VALERY HACHE AFP
De Kënschtler, deen dacks nëmme Ben genannt gouf, war virun allem fir seng Schrëftzich bekannt, déi ënner anerem op Schoulhefter an Agendae fënnt.
Den Artist gouf e Mëttwoch dout a sengem Haus zu Nice fonnt. Dat melle franséisch Medien, dorënner ënner anerem BFMTV an Nice Matin. Iwwer d'Doudesursaach ass den Ament nach näischt gewosst.
De Buergermeeschter vun Nice Christian Estrosi huet sech géigeniwwer Nice Matin an enger éischter Reaktioun "schockéiert an ontréischtlech" gewisen. De Ben géif e grousst Wierk hannerloossen, dat an d'Welt eraus-strale géif.
Am meeschte gelies