Den Ubau bleift am selwechte Stil a grad wéi d'Haaptgebai gouf och d'Extensioun vum bekannte franséischen Architekt Christian de Portzamparc entworf.

D’Extensioun, déi op der Place de l’Europe bäigebaut gëtt, huet direkt e puer Funktiounen. Eng nei Entrée, en neie Restaurant an eng nei Salle polyvalente, déi zum Beispill fir Receptioune ka genotzt ginn oder fir Aktivitéite mat Kanner. Dobäi kommen nach Beräicher, déi net fir de Public zougänglech sinn, wéi zum Beispill eng grouss Cafeteria fir d’Mataarbechter.    
Bis zu 500 Concerten an Evenementer lackelen all Joer dausende Visiteuren an d’Philharmonie. Eng Erausfuerderung ass et also, fir d’Bauaarbechten esou ze organiséieren, datt se de lafende Betrib esou mann wéi méiglech stéieren.
 
Am September sollen d’Aarbechten ufänken, de Budget läit bei 12,6 Milliounen Euro. Ugangs 2027 soll d’Extensioun fäerdeg sinn.