D'Famill vum Kënschtler confirméiert, datt de 47 Joer ale Moler bei engem Accident ëm d'Liewe komm ass.

No ville Jore vun internationale Kollaboratiounen huet sech de Max Dauphin zu Lëtzebuerg néiergelooss an huet hei gelieft. Hien ass den Deel vun der Bamhaus Art Collective an huet eng Rei Kéieren un der Luxembourg Art Week deelgeholl.

Hei eng Artbox mam Moler vun 2019

De Kënschtler hannerléisst eng Fra an zwee kleng Kanner. D'Redaktioun dréckt den Hannerbliwwenen déifstent Matgefill aus.