De jonken, ungareschen Dirigent Martin Rajna gëtt neie Chefdirigent vum "Orchestre Philharmonique du Luxembourg". An dat vu September 2026 u fir 4 Saisonen.

Dat huet de Kulturminister Eric Thill en Donneschdeg de Moien an der Philharmonie annoncéiert a betount, datt ee mat flotten an animéierte Concerte rechne kéint an den neie Maestro sécherlech de Public, mee och déi ganz Lëtzebuerger Musekszeen wäert beräicheren.

De Martin Rajna ass eréischt 29 Joer al a war bis ewell Chefdirigent vun der ungarescher Staatsoper zu Budapest. De jonke Martin Rajna gëtt deemno den Nofollger vum Spuenier Gustavo Gimeno, deen zanter 2015 de Museksdirekter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker ass.
 
E Mëttwoch schonn hat d’Philharmonie eng Undeitung an en Instagram-Post gemaach, wou ënnert anerem d’Oper vu Budapest ze gesi war an och ee Piano gespillt huet - de Rajna ass och e ganz gudde Pianist.

Seng Ausbildung um renomméierte Franz-Liszt-Conservatoire zu Budapest an Auszeechnungen, wéi zum Beispill ganz rezent den "György Cziffra Festival Talent Prize" am Joer 2023, ënnersträichen déi aussergewéinlech Fäegkeeten. Seng Kompetenzen hunn hie perfekt positionéiert, fir an noer Zukunft d'Responsabilitéit iwwert den OPL ze iwwerhuelen an eng spannend Ära ze prägen.
 
Bis elo huet de Martin Rajna 5 Deeg mam Orchester verbruecht. Et géif also elo mol virop drëm goen, sech kënnen ze léieren, huet hie betount. Hien ass awer ganz optimistesch:
 
"Mir wäerte super zesumme schaffen an déi nei Ära bréngt onheemlech vill schéi musikalesch Erliefnisser."
 
Deemno wier et och nach verfréit vun enger Visioun fir déi 4 Saisonen ze schwätzen. Fir den David Sattler, Museker vum OPL, ass den Chef d’orchestre eng Plus-value:
 
"Mir hu Chance mam Martin, datt mer direkt an eng Relatioun komm sinn, wou et eis evident war, datt dat, wat mir als Museker proposéiert hunn, vun him opgeholl gouf an, datt hie par rapport dozou geschafft huet, wat mir virgeschloen hunn an eis bannent enger Woch wierklech fir säi musikalesche Programm begeeschtert krut."
 
Vum September 2026 u wäert de Public dann an de Genoss dovu kënne kommen. Ma schonn am Mäerz nächst Joer an och fir de Concert vum Schluss vun der Saison op der Kinnekswiss wäert de Martin Rajna mam OPL am Asaz sinn.