Zanter der Arrivée vun der Direktesch Bettina Steinbrügge hunn RTL-Informatiounen no ronn 30 Prozent vum Personal de Musée aus ënnerschiddlechen Ursaache verlooss.

Enn Mäerz hat RTL iwwer d'Zoustänn am Mudam bericht: Do géif et gréisser Gerance- a Gouvernance-Problemer ginn. E Klima vun Angscht ënnert de Mataarbechter a Chaos an der Gestioun hätten zu e sëllegen Departen an zu jett Plaintë gefouert. Am Zentrum vun de Reprochen: d'Direktesch Bettina Steinbrügge, déi d'Leedung vum Mudam am Fréijoer 2022 iwwerholl hat.

E Mëttwoch, den 23. Abrëll befaasst sech elo och d'Kulturkommissioun vun der Chamber mat der Situatioun am Prestige-Musée, an deem d'Lompe scho méi laang sténken: Op Demande vun déi Gréng gouf d'"Situation de la gouvernance au sein du Mudam" op den Ordre du jour gesat.

Minister a President geruff

"La situation est grave." Dat hat de Verwaltungsrot ewell zejoert der Direktesch an engem Schreiwes matgedeelt. Eng 15 Leit (vu ronn 50 Leit am Ganzen) hunn de Musée antëscht verlooss, also quasi 30 Prozent – en Taux, dee wäit iwwer der "natierlecher Fluktuatioun" läit, vun deem an der offizieller Kommunikatioun rieds goung. Och déi administrativ Responsabel géif de Musée verloossen, vum Management-Team bléif dann nach just eng Persoun Rescht, déi vun Ufank un zanter der Arrivée vum Bettina Steinbrügge an deem Gremium wier.

Am Januar hat de Verwaltungsrotspresident Patrick Majerus demissionéiert an an engem alarmante Bréif un de Kulturminister Alarm geschloen; säin Nofollger gouf am Mäerz de Jean-Paul Olinger, den Direkter vun der Steierverwaltung. Deen hat Ufank Abrëll och ewell en Echange mam Personal, fir iwwer déi aktuell Problemer ze schwätzen.

An d'Kulturkommissioun vun der Chamber goufe fir e Mëttwoch de Kulturminister Eric Thill an de President Jean-Paul Olinger invitéiert.