E Klima vun Angscht a Chaos féiert zu personellen Departen

© RTL Archivbild
D'Directrice vum Mudam, Bettina Steinbrügge, ass aggressiv mat hire Mataarbechter, huet sech net am Grëff, verbreet Chaos an Angscht.
Dës Virwërf sinn d'Synthees vun enger Rei vu Plainten, déi Mataarbechter an deene leschten zwee Joer beim Conseil iwwer d’Directrice gemaach hunn. Dat geet aus Ënnerlagen ervir, déi RTL gesinn huet. Dodran heescht et, d’Virwërf, déi, déi eng an déi aner maachen, wiere matenee koherent, also keng Eenzelfäll.
Deemno gëtt hir och Favoritismus virgehäit, et geet vun Harcèlement rieds an dovun, datt si d’Leit an d’Departementer ënnerteneen ausspillt. Aus den Ënnerlage geet och ervir, datt an deene leschten zwee Joer véier personell Departen direkt oder indirekt op d’Bettina Steinbrügge an hiert Verhalen zeréckzeféiere sinn.
RTL zielt eng hallef Dosen Leit, déi de Mudam verlooss hunn, zanter d’Bettina Steinbrügge am Fréijoer 2022 d’Leedung iwwerholl huet. Dorënner och Departementscheffen.
Der Directrice feelt et un noutwennege Gestiounskapazitéiten
An den Dokumenter, déi RTL gesinn huet, ginn awer och ganz grondsätzlech der Directrice hir Gestiounskapazitéiten a Fro gestallt. D’Mataarbechter bedaueren, datt et keng kloer Instruktioun gëtt, keng Visioun a keng Planung vum Budget, keng Prozeduren, datt et fir d’Expoen, déi de Musée organiséiert, keng Etappepläng gëtt. "C’est plutôt le Bazar", heescht et do, "Absence totale de management" an "navigation à vue". Wéinst de ville widderspréchlechen Uweisunge geet d’Aarbechtscharge fir d’Personal an d’Luucht.
Doriwwer eraus, ass déi tatsächlech Presenz vun der Directrice zu Lëtzebuerg eng Suerg. De Conseil schränkt vun engem gewëssene Moment un hir Reesen an a verlaangt, datt si méi am Musée ass. "Bettina doit prendre soin du Mudam et 's’intéresser' au Mudam et de son personnel", heescht et ënnert anerem, an "la priorité est au Mudam et non aux déplacements à l’étranger. Les devoirs doivent être faits en urgence et d’abord à la maison. Dubai cancelled", heescht et Uganks d’lescht Joer.
Et stelle sech Froe vu Gouvernance bei externe Prestatairen
Nieft de Gestiounsfroe stelle sech awer och Froen iwwer d’Gouvernance. Ënnert der Bettina Steinbrügge gouf de Partner vun enger Curatrice aus Mailand ageflunn, hei logéiert a bezuelt, fir Fotoe vun Evenementer am Musée ze maachen. En anert Beispill ass de Kontrakt fir d’Iwwerschaffe vun der Mudam-Websäit. Den Optrag goung un eng däitsch Firma, mat där d'Bettina Steinbrügge schonn op hirem viregte Poste beim Hamburger Kunstverein zesummegeschafft huet a mat deenen hiren Associéen si op de soziale Medie frëndschaftlech Relatiounen ënnerhält. Dës Firma war eng vu véier, déi eng Offer ofginn haten. Ma si huet als eenzeg eng zweet, revidéiert Offer ofginn. "La question est de savoir, si le Mudam a offert aux quatre entreprises la possibilité de réviser leur devis ou si cette possibilité n’a été offerte qu’à (…) qui a revisé son offre à environ la moitié de l’offre initiale", freet de fréiere President Patrick Majerus an engem Schreiwes un déi aner Conseilsmemberen.
De Verwaltungsrot reagéiert op Plaintë vum Personal
Schonn am Fréijoer d’lescht Joer hat de Verwaltungsrot der Directrice wéinst de Plaintë vum Personal an den evidente Managementmängel e Bréif geschriwwen. Dat, mam Zil, de Musée an d’Personal ze stabiliséieren a weider Demissiounen z’evitéieren. De Mudam misst nees eng Plaz ginn, wou ee gäre schaffe géing goen a wou d'Angscht net toleréiert ass. "La gestion, actuellement inexistante, doit être améliorée de manière significative et immédiate". Dofir misst och d’Directrice d’Moyene kréien, fir d’Situatioun ze verbesseren. Ma si misst och selwer direkt a fundamental hiert Verhalen änneren. "La situation est grave."
D'Directrice gëtt vum Conseil gefrot, bannent engem Mount d'Budgeten an d’Etappepläng fir déi kommend Ausstellunge virzeleeën. Si kënnt där Opfuerderung net wierklech no. Ma beim Verwaltungsrot kommen awer weider Plaintë géint hier Persoun un.
De leschte Summer soll dann de Service psychosozial vum Staat ageschalt ginn. An déi Demarche sinn och d’Conseillere vum Kulturminister involvéiert. Mee dee Staatsservice ass net zoustänneg. Am Hierscht gëtt also e private Beroderbüro engagéiert. D’Zil ass ëmmer nach: D’Gouvernance an d’Gestioun an de Grëff kréien an d’Aarbechtsklima fir d’Mataarbechter verbesseren.
Coup d’éclat am Januar
Et stellt sech d'Fro, ob dee Prozess seng Friichten dréit. Dëse Januar demissionéiert de Verwaltungsrotspresident Patrick Majerus vu sengem Posten. Et ass déi zweet Demissioun aus dem Conseil bannent engem décke Joer. Enn 2023 hat schonn d’Danièle Igniti, Curatrice a fréier Directrice vun den Diddelenger Kulturzentren demissionéiert. Den zoustännege Minister Eric Thill mécht als éischt emol, wéi wann näischt wier. Dem Paperjam erkläert hien, dem Patrick Majerus säin Depart als perséinlech Decisioun, déi hien net weider géing kommentéieren. Eng Ausso, déi suggeréiert, hannert dem Récktrëtt vum President stéinge perséinlech Ursaachen.
Ma nodeems d’Lëtzebuerger Land aus dem Patrick Majerus sengem Demissiounsschreiwes zitéiert, äntwert de Kulturminister op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard, "des raisons liées au fonctionnement interne de l’institution" hätt zur Demissioun gefouert. Tatsaach hat de fréiere President a sengem Demissiounsschreiwes dem Minister seng Ursaache ganz däitlech erkläert. "Depuis décembre 2023, l’institution fait face à des plaintes concernant la directrice, à un nombre préoccupant de départs au sein du personnel et à des défaillances dans la gestion interne du musée. Un nombre significatif de collaborateurs ont exprimé leur souffrance, ce qui a eu un impact sur la mission du musée."
Ma net nëmmen, datt d'Missioun vum Musée beanträchtegt war an d'Leit gaange sinn. D’Directrice huet och falsch Beschëllegunge géint hire Conseilspresident gemaach. "A plusieurs reprises, j’ai été la cible de fausses allégations dans l’exercice de mes fonctions. Dans chaque cas, j’ai pu démontrer leur absence de fondement grâce à des éléments écrits. »
Op Nofro vun RTL reagéiert de Kulturministère net op déi konkret Virwërf a beäntwert keng prezis Fro. Amplaz kontert d’Kommunikatioun vum Eric Thill mat generellen Aussoen, wéi ënnert anerem dëser: "Mat enger ambitiéiser Programmatioun an enger ëmmer méi grousser Ekipp ass och ’Komplexitéit vun der Gestioun gewuess." An: "Déi strukturell Erausfuerderungen – wéi d’architektonesch Limitte vum Gebai, héich Energiekäschten an e finanziell straffe Budget – stellen de Musée viru konkret Defien."
Reaktioun vum Kulturministère iwwerzeegt net
D’Hausse vun den Energiepräisser 2022 huet sech effektiv am Bilan vum Mudam bemierkbar gemaach. Ma, datt de Mudam, dee vum Staat eng annuell Dotatioun vun antëscht aacht bis néng Milliounen Euro kritt, méi héich Käschte fir d’Gebai am Budget huet, ewéi fir d’Programmatioun, ass keen neie Probleem, mee ee mat deem all Virgängerinne vun der aktueller Directrice ze kämpfen haten. D’Ekipp ass an deene leschte Joren éischter e wéineg méi kleng ewéi méi grouss ginn.
De neie Conseilspresident Jean-Paul Olinger, den Direkter vun der Steierverwaltung, ass réischt zanter zwou Wochen am Amt. Vläicht erkläert sech domat, firwat hie gréisstendeels de Wording vum Ministère iwwerhëlt. Ma hie seet, de Verwaltungsrot wier sech senger Verantwortung bewosst. Fir Objektivitéit an Transparenz ze garantéieren, hätt jo déi extern Beroderfirma den Optrag kritt, eng Analys ze maachen, vun der Gouvernance, dem Ressourcemanagement an de Prozeduren. "Dee Rapport ass am Ofschloss an d'Conclusiounen, déi wäerte weider Entscheedunge mat sech zéien, bezéiungsweis, méiglecherweis zu Changementer innerhalb vun der Organisatioun feieren."
Wat d’Virwërf bei der Allocatioun vun externe Kontrakter ugeet, seet de Jean-Paul Olinger en général, datt eng Rei Reegelen anzehale sinn, ma innerhalb dovun hätt eng Direktioun och e gewësse Spillraum mat Prestatairen ze schaffen, déi se kennt. "Natierlech ass et eis enorm wichteg, datt all d’Reegelen agehale ginn a mir leeën och do en A drop."
D’Bettina Steinbrügge selwer huet net bannent dem gefroten Delai op d’Ufro vun RTL reagéiert. Weder de Mudam, nach Ministère hunn d'Ëmstänn ofgestridden.