Den Diddelenger Jugendsymphonieorchester lieft den europäesche Gedanken
De European Youth Music Festival bréngt all Joer Dausende jonk Museker aus alle Richtungen a ganz Europa zesummen.
Iwwer Päischte waren eng 200 Gruppen aus 18 Länner beim europäesche Jugendmuseksfestival a Katalounien ënnerwee. Ënnert de gutt 4.000 jonke Museker waren och eng Partie Lëtzebuerger.
Fir d'lescht gouf dëse Festival als REMIX 2022 wärend dem Escher Kulturjoer gefeiert. D'Iddi vun dem Festival ass et fir Dausende jonk Museker aus alle Richtungen a ganz Europa zesummen ze bréngen. Aus Lëtzebuerg waren esou den nationale Jugendchouer an d'regional Musekschoule vun Déifferdeng, Diddeleng a Gréiwemaacher an der Päischtvakanz op de RITMIKS a Katalounie gefuer.
D'Diddelenger Museksschoul huet hire Jugendsymphonieorchester mat enge 46 Museker a 5 grouss Klassiker vu Bizet iwwert Prokofjewa, Shostakovich bis Tschaikowski mam Reesbus an de Süde geschéckt. No engem Tour durch Barcelona, de Bierger an d'Klouschter vu Montserrat oder d'Plage vu Sitges stounge fir déi jonk Musker dräi Concerte bannent ronn 24 Stonnen um Programm. No hirem Optrëtt beim Festival vun der klassescher Musek zu Bigues i Riells del Fai e Samschdeg de Moien hunn den Dirigent Steve Boehm a säi Symphonieorchester beim groussen Ofschloss zu Manresa bewisen, wéi vill Spaass klassesch Musek mécht a wéi een och do ka spontan sinn an improviséieren.