Barrage am FuttballFolscht wënnt däitlech géint Uewerkuer a spillt nächst Saison an der 1. Divisioun

Kevin Kayser
Zu Habscht huet Uewerkuer géint den Ofstig respektiv Folscht fir den Opstig gespillt.

Déi 721 Spectateuren, déi de Wee och op dësem verreenten Dag op Habscht fonnt haten, sollten eng kloer Victoire vum neien Opsteiger erliewen. Schonn no 17 Minutten hat de Laurent Da Silva markéiert an d'Ekipp aus der D2 op d'Gewënnerspuer bruecht. No enger hallwer Stonn huet den Abdelaziz Kolingba Nzanga op 2:0 gesat an kuerz nom Säitewiessel esouguer nach op 3:0 erhéicht. De Gol zum Tëschenzäitlechen 1:3 duerch den Uewerkuerer Lucas Moreira Marques no eppes méi wéi enger Stonn war awer éischter méi Kosmeetik, well den Dalil Boujjia huet an der 73. Minutt nees den alen Ecart vun dräi Goler hiergestallt.

Esou sollt dës golräich Partie dann och mat 4:1 fir Folscht op en Enn goen, déi sech domadder iwwer den Opstig an d'éischt Divisioun freeë kënnen. Fir Uewerkuer dogéint geet et e Stack erof.

All d'Detailer zum Match

CS Oberkorn - US Folschette 1:4 (0:2)

0:1 Laurent Da Silva (17‘), 0:2 Abdelaziz Kolingba Nzanga (30‘), 0:3 Abdelaziz Kolingba Nzanga (51‘), 1:3 Lucas Moreira Marques (62‘), 1:4 Dalil Boujjia (73‘)

Back to Top
CIM LOGO