Um Dënschdeg war d'Luxexpo Open Air "the place to be" fir all d'Fans vum amerikanesche Superstar Justin Timberlake.

Sänger, Dänzer ma virun allem Entertainer: Esou kann een den zéngfache Grammy-Gewënner Justin Timberlake wuel am beschte beschreiwen. De 44 Joer alen Artist huet um Dënschdeg Owend virun iwwer 15.000 Leit bei der Luxexpo seng gréissten Hits gespillt. Et war awer virun allem seng Band, déi iwwerzeege konnt.

No fënnef Joer Paus ass den Justin Timberlake aktuell mat "The Forget Tomorrow World Tour" weltwäit an net manner wéi 50 Stied op Tournée. Iwwer 15.000 Leit wollte sech dat en Dënschdeg den Owend och zu Lëtzebuerg net entgoe loossen. Trotz net grad summerlechen, ma op d’mannst dréchenem Wieder, war d’Virfreed beim Public däitlech ze spieren. An awer huet et bësse gebraucht, bis d’Leit sech tatsächlech matrappe gelooss hunn. Den Justin Timberlake hat de Lëtzebuerger Public däitlech iwwerschat, wou hien op d’Bün koum a beim éischte Lidd "Mirrors" domat gerechent hat, datt d’Leit d’Lidd géifen eent zu eent matsangen. Ma als gekonnten Entertainer huet hien et sech net huele gelooss, de Publikum ëmmer erëm unzeschwätzen an ze animéiere mat ze sangen an danzen.

Vun Ufank u war awer och kloer, datt seng Show ouni d’musikalesch Begleedung op der Bün net déi nämmlecht gewiescht wier. Seng Band "Tennessee Kids" huet dem Sänger seng Hits "Cry Me a River" "SexyBack" oder "Señorita" net just musikalesch op en aneren Niveau bruecht. Déi 12 Museker an Dänzer op der Bün hunn zesumme mam Justin Timberlake fir eng Show gesuergt, déi duerch geplangt a choreographéiert war, déi de ganze Concert awer och wierke gelooss hunn, wéi eng grouss musikalesch Famill, déi extreem Freed hunn un deem, wat se maachen.

Op et Zoufall war, datt ee vun de Museker an engem Oasis-T-Shirt opgetrueden ass oder do eng Referenz gemaach gouf op de Green-Day Concert bei der Luxexpo déi Woch virdrun, bleift onbeäntwert.

Ma eppes ass kloer, dem Justin Timberlake säi Charme, seng Stëmm a seng Präsens op der Bün gekoppelt mat enger genialer Band, professionelle Museker an Dänzer hunn de Public 90 Minutte laang entertaint.