Et ass deen zweete Band aus der Serie "De Rescht vun der Geschicht", der Serie, déi d'lescht Joer mat "Här a Meeschter" ugefaangen huet.

All Episod erzielt eng Geschicht, déi a sech ofgeschloss ass. De Marc Angel, deen deen éischten Episod eleng realiséiert huet, ass dës Kéier den Zeenarist. Well d'Iddi hannert der Serie ass, datt een zu méi kann dru schaffen, an datt etabléiert Auteure mat neien Auteuren zesummeschaffen, an esou eng Méiglechkeet ze bidden, fir aus Gewunnechten auszebriechen.

An all Album gëtt een Element aus der Lëtzebuerger Geschicht geholl, an op méi eng modern Manéier erzielt. An der "Buerg um Bockfiels" ass et d'Geschicht vum Siegfried a vum Melusina. Doraus ass an dësem Buch eng ganz modern an aktuell Geschicht entstanen.

D'Zeechnunge si vum Kodji, dee mat dëser Geschicht säin éischten Album gezeechent huet. Fir hie war d'Figur vum Melusina den Ausléiser, deen him Loscht drop gemaach huet, dës Bande Dessinée ze zeechnen. Well hien hir Geschicht zwar kannt huet, ouni se wierklech ze kennen, wat dat hei eng gutt Geleeënheet, sech e bësschen méi mat hir ze beschäftegen. Ausserdeem ass hien ee Fan vu fantasteschen Elementer, wat och bei d'Melusina passt, och wann d'Figur an dëser BD eigentlech mat zwee Féiss fest um Buedem steet an éischter reell ass.

De Siegfried an d'Melusina sinn zwee Personnagen, déi ëmmer nees mat Lëtzebuerg a Verbindung bruecht ginn. D'Melusina ass ee fiktive Personnage, wärend de Siegfried een historesche Personnage ass. Mä, wéi den Historiker Pit Péporté präziséiert huet, ass de Siegfried net deen, fir deen en zu Lëtzebuerg haut gär gehale gëtt. Datt de Siegfried d'Stad Lëtzebuerg gegrënnt huet, ass historesch net beluecht. Mä seng Figur huet sech iwwer d'Joerhonnerte weider entwéckelt, éischt Geschichten an deenen de Siegfried esou opgedaucht ass, wéi mir en eis haut virstellen, sinn am 16. Joerhonnert opgedaucht. An d'Melusina ass eng Figur, déi schonn am spéide 14. Joerhonnert an engem Roman eng Roll spillt, schonn deemools mat engem Bezuch zu Lëtzebuerg. Mä och deen ass nach fundamental anescht ewéi deen, dee mir eis haut virstellen.

An och komplett anescht ewéi d'Figuren an dëser neier Bande Dessinée presentéiert ginn. A genee dat mécht se esou spannend.

D'Buerg um Bockfiels - De Reportage vum Radio

De Marc Angel an de Kodji ënnerschreiwen hiert neit Buch dëse Weekend um BD Festival zu Konter. Do ginn et och nach aner nei Lëtzebuerger Bande Dessinéeën: Et gëtt dat zweet Heft vum Lëtzebuerger Fanzine "Dajee", den ND Genen huet dee 5. Episod vu senger Serie Tow & Tank dobäi, an de Lucien Czuga an den Dan Altman presentéieren hir nei Bande Dessinée "Lëtzebuerg sicht de Luxonaut".