D'Ausstellung "City Visions" am Luxembourg City Musée weist Vuen a Perspektiven vun der Stad Lëtzebuerg mat engem interaktiven a participative Konzept

Et ass e klasseschen Ausstellungssujet, dee gären um Programm vun engem Musée steet. Manner klassesch ass awer, wéi dës Vuen op d’Stad am Luxembourg City Musée gewise ginn.

D’Wierker, di vum 16. Joerhonnert bis haut ginn, déngen als grouss Spillplaz, wou een duerchkucken, upaken, entdecken a Beweegung d’Ausstellung aktivéiere kann an och mol selwer kreativ ka ginn. Iwwer 20 verschidden Interaktiounen sinn integréiert ginn.

City Visions weist historesch, dokumentaresch, realistesch, ma och fiktiv Vuë vun der Stad Lëtzebuerg. Ma de Fokus läit hei awer net um historesche Volet. Sou datt och Biller an der Expo ze gesi sinn, di ee soss vläicht net an engem Musée géing gesinn, wéi zum Beispill Kannerzeechnungen aus dem Joer 1963.

Déi verschidden Interaktiounen an der Expo kënnen digital oder och manuell benotzt ginn. Vun enger Postkaart, déi ee sech iwwer e puer Statioune ka selwer stempelen, bis hin zu de verschiddenste Zeechenoutilen.

D'Expo, déi een nach bis Ufank 2027 ka kucke goen, weist e frësche Bléck op d’Stad vu gëschter, haut a muer.