Biennale 2011: "Le Cercle Fermé" vertrëtt Lëtzebuerg

Biennale 2011: "Le Cercle Fermé" heescht d'Wierk vum Trio René Kockelkorn, Jean Bechameil a Martine Feipel, dat de Grand-Duché vertrëtt.
[rating]6 Kënschtler haten op den Opruff vum Kulturministäère reagéiert an hir Kandidatur gestallt fir Lëtzebuerg op der 54. Biennale vu Venedeg 2011 ze representéieren. Eng vun den Oplagen dëst Joer wor et, dass Kënschtler a Curateur direkt ee gemeinsame Projet hu missten erareechen. Nëmme sou kann ee vun Ufank u sécher sinn, dass de Projet wierklech eng Collaboratioun tëscht Commissaire an Artist ass.
E Freideg de Mëtte goufen d'Vertrieder vum Grand-Duché offiziell bekannt ginn. „Le Cercle Fermé“ heescht d'Wierk vum Trio René Kockelkorn, Jean Bechameil an Martine Feipel.
AUDIO: D'Kënschtler hu sech staark um aktuelle Pavillon inspiréiert.
Ganz geheim ass d'Wierk awer net, wie wëll kann esouguer bei d'Kënschtler an den Atelier luusse goen, wou se nach bis Ënn Mäerz un hirem Wierk wäerte schaffen.