Kultur fir doheem (18)Aktiv doheem

RTL Lëtzebuerg
En alternativen Theater fir nozekucken, Course fir matzedanzen an der Stuff an en neie Kanner-Lexikon fir z'entdecken.

D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

08/04/2020 Kultur fir doheem (18)

Danz: Danzcoursen iwwer Stream

Den Danzkollektiv Lucoda huet eng Plattform fir digital Danzcoursë lancéiert.

Op hirer Facebooksäit fënnt een net nëmmen déi 14 Dänzer, Choreographen an Danzproffen, déi sech dem Projet ugeschloss hunn, mä och e Wocheplang mat de Coursen, déi ugebuede ginn. Dorënner ass virun allem zäitgenësseschen Danz, sougenannten „Dynamic Dance“, lyreschen Danz an eng Yoga a Pilates-Stonn. Den Niveau fir déi eenzel Coursë steet all Kéier dobäi.

https://www.facebook.com/LucodaTeam/

Danzkollektiv Lucodahttps://www.facebook.com/LucodaTeam/

Theater: Neie Projet vun der Volleksbühn

D’Volleksbühn ass 2018 vun engem klengen Team an d’Liewe geruff ginn. Mat dobäi sinn ënner anerem d’Regisseurin Anne Simon, de Regisseur Jacques Schiltz an d’Schauspillerin Anouk Wagener. Eng Alternativ zu der klassescher an traditioneller Lëtzebuerger Theaterzeen entwerfen – no deem Motto huet d’Volleksbühn zwee Projete virgestallt an hat déi zu Lëtzebuerg bekannte Kënschtler Wolfram Koch an Isaac Bush mat u Bord. An Zäite vum sougenannte „Social Distancing“ – enger Devis, déi dem Wiese vum Theater eigentlech widdersprécht – huet d’Team sech awer och do eng Alternativ afale gelooss. All Sonndeg soll en aneren Theaterklassiker „verhonzt“, also op d’Schëpp geholl ginn. Dat Ganzt leeft iwwer Stream, sonndes um 19.55 Auer op hirem Site.

De Public dierf awer och gär mat ofstëmmen, well ëmmer donneschdes ginn déi potenziell Wierker fir d’Woch drop online gesat. Oder et reegt een einfach säin eegene Virschlag eran. Dat Ganzt soll esou laang goen, wéi de Krisenzoustand unhält.

Volleksbühn

Bicher: Lëtzebuerger Biller-Lexikon fir déi Kleng

Och Kanner kënnen a sollen doheem aktiv staunen, virwëtzeg sinn a léieren. Dat neit Buch an der Serie Vivi Kremart huet sech deem ugeholl an e Biller-Lexikon fir Kanner op Lëtzebuergesch erausbruecht.

© Kremart

Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon ass speziell fir Kanner vun zwee Joer un a soll deene Klengen erméiglechen, d’Welt ronderëm ze entdecke mat ville Biller, de passende Begrëffer a Klappen, fir opzedecken. Am éischte Band ginn d’Kanner op déi Plazen, déi se scho kennen: Dat geet vum Kannerzëmmer iwwer de Gaart bis an d’Spillschoul!

Mäi Biller-Lexikon

Back to Top
CIM LOGO