
Nodeems et um Dënschdeg ë. a. en 1:1-Remis tëscht Arsenal an Dortmund gouf, stoungen um Mëttwoch néng weider Affichen um Programm. An de fréie Partien hu sech Barcelona a Villareal auswäerts géint Sabah a géint Slavia Prag behaapt.
Am spéide Owend konnt sech Lille iwwerraschend doheem mat 2:1 géint Bayern duerchsetzen. Atlético huet souverän géint Stavanger gewonnen a Liverpool huet zu Bruges d'Iwwerhand behalen. Tëscht PSG an der AS Roum gouf et en 2:2-Gläichspill. Dat selwecht Resultat gouf et tëscht Sporting a ManU. Donieft gouf et eng Defaite fir Donezk géint Fenerbahce an eng Victoire fir Inter géint Stuttgart.
Lille - Bayern München 2:1
0:1 Upamecano (15'), 1:1 Ueda (62'), 2:1 Pavlovic (65', Selbstgol)
Et war e rouege Start an d'Partie an där de Favorit vu München sech ouni Kane an Olise un déi nei Formatioun um Terrain huet misse winnen. Bayern hat méi Spillundeeler, Lille huet op der anerer Säit op Kontere gelauert. Mat der éischter Aktioun virum Gol goungen d'Gäscht a Féierung. Den Upamecano hat de Ball no engem Corner an de Gol gekäppt. De Golkipp vu Lille hat dobäi net gutt ausgesinn. Déi bescht Phas vun der 1. Hallschent gouf et tëscht der 23. an der 30. Minutt. Fir d'éischt huet den Urbig en Ofschloss vum Ueda misse paréieren. Op der anerer Säit konnt de Laimer eleng virum géigneresche Gol de Ball net am Filet ënnerbréngen (26') an dem Pavlovic säi Schoss war net präzis genuch (27'). Bayern huet d'Partie geréiert, war awer bis an d'Paus net méi geféierlech virum Gol. Lille war ze defensiv agestallt a konnt sech quasi näischt no vir erausspillen. Mam 0:1 sinn d'Säite gewiesselt ginn.
No der Paus gouf et um Terrain en anert Bild. Lille koum staark aus de Kabinnen an de Ball louch an der 46. Minutt eng éischte Kéier am Gol vun de Bayern. De Gol huet awer net gezielt, well den Ueda e Feeler um Kimmich gemaach hat. D'Gäscht ware veronséchert an d'Heemekipp konnt sech weider Chancen erausspillen. An der 62. Minutt ass den Ngoy duerch d'Mëtt spadséiert. Seng Pass koum präzis op den Ueda, deen den 1:1 markéiere konnt. 3 Minutte méi spéit huet Lille d'Partie komplett gedréint. No engem Fräistouss fir Bayern goung et op der anerer Säit séier an den Mbappé gouf an Déift geschéckt. Säi Schoss goung nach op de Potto, mee de Pavlovic huet de Ball am eegene Filet ënnerbruecht. Lille huet sech an der Suite hannendra gestallt an op Feeler vun de Bayern gewaart. D'Gäscht konnte sech keng grouss Chancen erausspillen. Op der anerer Säit hat den Diaoune den 3:1 um Fouss, säi Ball goung awer laanscht de Potto. Lille huet bis zum Schluss gekämpft an déi 3 Punkte schlussendlech doheem gehalen. Bayern deet déi Néierlag wéi, den Ament läit een an der Tabell op der 15. Plaz
Slavia Prag - Villareal 0:1
0:1 Buchanan (62')
Sabah - Barcelona 1:4
0:1 Gordon (31'), 0:2 Gordon (51'), 0:3 Adeyemi (55'), 0:4 Gabriel Jesus (60'), 1:4 Mickels (63')
Villareal huet sech zu Prag géint Slavia mat 1:0 duerchgesat. Prag huet an der ganzer Partie eng rei Chancë leie gelooss an hat zweemol Pech mat den Decisioune vum Arbitter. An der Nospillzäit vun der 1. Hallschent gouf eng rout Kaart fir de Veiga vum VAR zréckgeholl. An der 80. Minutt huet de VAR en Eelefmeter fir Prag kasséiert. Den entscheedende Gol vum Owend gouf vum Buchanan an der 62. Minutt markéiert.
Barcelona ass der Favoritteroll am Aserbaidjan gerecht ginn an huet sech ouni Problemer mat 4:1 géint Sabah behaapt. An der 1. Hallschent war et eng zéi Partie mat wéineg Héichpunkten. De Gordon konnt d'Gäscht kuerz no der hallwer Stonn mat 1:0 vir bréngen. No der Paus hunn d'Spuenier bannen 9 Minutten duerch Goler vu Gordon, Adeyemi a Jesus op 4:.0 erhéicht. Den Éieregol vu d'Heemekipp ass duerch de Mickels an der 63. Minutt gefall.
PSG - AS Roum 2:2
0:1 Hermoso (5'), 1:1 Zabarnyi (31'), 2:1 Dembélé (62', Eelefmeter)
Inter - Stuttgart 2:0
1:0 Sucic (57', Eelefmeter), 2:0 Martinez (74')
Eng animéiert Partie gouf et am Parc des Princes zu Paräis. Um Enn gouf et en 2:2-Remis tëscht PSG an der AS Roum. D'Gäscht gounge fréi duerch e Gol vum Hermoso a Féierung (5'). D'Fransousen hu sech an der Suite schwéier gedoen, fir sech kloer Chancen erauszespillen. Eng Standardsituatioun kuerz no der hallwer Stonn ass dem PSG duergaange fir auszegläichen. Den Zabarnyi hat de Ball an de Gol gekäppt. D'AS Roum huet net opginn a hat an der 40. Minutt duerch den Ndicka eng weider gutt Méiglechkeet. Och no der Paus war Roum an enger éischter Phas besser, de Gol ass awer duerch den Dembélé no engem Eelefmeter op der anerer Säit gefall. De Wesley hat den Hakimi am Strofraum gefoult. Roum huet an der 78. Minutt duerch en Eelefmeter vum Malen nach emol zréckgeschloen a konnt ausgläichen. Bei dem Resultat sollt et bis zum Schluss bleiwen.
Inter huet donieft 2:0 géint Stuttgart gewonnen. No enger 1. Hallschent ouni Goler konnten d'Italieener nom Säitewiessel zweemol markéieren. No engem Handspill am Strofraum vum Vagnoman huet den Arbitter mat Hëllef vum VAR op de Punkt gewisen. De Sucic konnt seng Faarwen 1:0 vir bréngen. An der Suite gouf et Chancen op béide Säiten. An der 74. Minutt huet de Martinez fir d'Entscheedung gesuergt.
Atlético Madrid - Viking Stavanger 2:0
1:0 Sörloth (19'), 2:0 Alvarez (24')
Sporting Lissabon - ManU 2:2
1:0 Luis Suarez (33', Eelefmeter), 1:1 Fernandes (48', Eelefmeter), 1:2 Fernandes (50'), 2:2 Suarez (80')
Atlético hat keng Problemer, fir sech doheem mat 2:0 géint Stavanger ze behaapten. D'Norweger hate gutt ugefaangen, nom 1:0 duerch de Sörloth hunn awer just nach d'Spuenier gespillt. Den Alvarez konnt 5 Minutten drop op 2:0 erhéijen. Mat dem Resultat goufen d'Säite gewiesselt. An der 2. Hallschent si keng Goler méi gefall, esou datt et beim 2:0 fir d'Heemekipp blouf.
Zu Lissabon gouf et um Enn en 2:2-Remis tëscht Sporting a Manchester United. Nodeems de Suarez an der 30. Minutt en Eelefmeter fir Sporting net erakrut, huet hien et 3 Minutte méi spéit vum Punkt besser gemaach. Nom Säitewiessel konnt de Bruno Fernandes d'Partie mat zwee Goler komplett dréinen. D'Portugisen hunn net opginn an de Suarez konnt an der 80. Minutt nees ausgläichen. An der Nospillzäit krut den Tielemans nach déi giel-rout Kaart gewisen, um Schlussresultat huet dat näischt méi geännert.
Bruges - Liverpool 0:3
0:1 Isak (13'), 0:2 Wirtz (79'), 0:3 Isak (82')
Shaktar - Fenerbahce 0:1
0:1 Muriqi (56')
Bruges huet doheem 0:3 géint Liverpool de Kierzere gezunn. D'Heemekipp huet géint d'Englänner gutt matgehalen. No engem Feeler vum Sommer huet den Isak den 1:0 fir d'Gäscht markéiert. Nom Säitewiessel blouf et vum Spillstand hir laang spannend, Wirtz an nach emol Isak hunn an der Schlussphas den Deckel op d'Partie gemaach.
Zu London gouf et e knappen awer verdéngten 1:0-Succès fir Fenerbahce géint Donezk. Den entscheedende Gol vum Owend ass dem Muriqi an der 56. Minutt gelongen.
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.