Och Rechter vun James BondAmazon iwwerhëlt Metro-Goldwyn-Mayer-Studioen zu Hollywood

RTL Lëtzebuerg
Den Internetris mat sengem Streamingdéngscht Prime huet d'Iwwerhuele vun de legendären Hollywood-Studioe Metro Goldwyn Mayer ofgeschloss.
© AFP/Archiv/Chris Delmas

D’Rechter un de beléifte Filmer wéi d'007-Serie “James Bond”, “Rocky”, “The Silence of the Lambs” oder “Basic Instinct” leien domat elo bei Amazon.

De Konzern aus Seatle hat de Kaf schonn am Mee d’lescht Joer ugekënnegt. Mat 8,45 Milliarden Dollar, also ëmgerechent 7,6 Milliarden Euro, déi Amazon fir d’MGM-Studioe bezilt, ass et deen zweetdeierste Kaf. 2017 hat d’Entreprise 13,7 Milliarden Dollar fir d’Supermarchéschaîne Whole Foods bezuelt.

D’EU-Kommissioun hat d’Iwwerhuele vu Metro Goldwyn Mayer en Dënschdeg accordéiert a gesi keng rechtlech Bedenken am Kontext vun der Konkurrenz.

Mat MGM iwwerhëlt Amazon eegenen Informatiounen no 4.000 Filmer, 17.000 Serië-Folgen, “180 Oscaren an 100 Emmyen”. Metro Goldwyn Mayer war am Abrëll 1924 vum Marcus Loew gegrënnt ginn an huet sech zu engem vun de wichtegsten Hollywood-Studioen entwéckelt. An de 70er Jore koumen ëmmer méi finanziell Problemer beieneen, wouduerch MGM de Proprietär e puer Mol gewiesselt huet. 2010 huet d’Entreprise d’Faillite erkläert a gouf ëmgebaut.

Back to Top
CIM LOGO