
1951 hunn den Albert Uderzo an de René Goscinny, och ee Comic-Zeechner virun allem awer Geschichte-Schreiwer, ugefaangen zesummenzeschaffen. De Goscinny huet d’Geschichte geschriwwen, den Uderzo huet se illustréiert.
Doraus ass och hire gréisste Succès “Asterix” entstanen, d’Geschichte si vun 1959 bis 1974 fir d’éischt an der Zäitschrëft Pilote erauskomm, duerno als Album bei Dargaud bis 1978 an nach méi spéit am eegene Verlag.
1974 hat den Uderzo, zesumme mam Goscinny den Zeechentrick-Filmstudio “idefix” gegrënnt, wou “Asterix eruewert Roum” produzéiert gouf, wéi och de Lucky-Luke-Zeechentrick. De Filmstudio huet awer 1978 wéinst ze wéineg Opträg nees zougemaach.
De Moie kuerz no 10 ass d’Nouvelle komm, datt de franséische BDs Zeechner Albert Uderzo gestuerwen ass. Hien hat 92 Joer. Ee Portrait vum Gérard Floener.<br>
