Vun iwwer 100 Filmer, déi iwwert déi 10 Festivalsdeeg gewise goufen, waren der 7 an der offizieller a 6 an der dokumentarescher Kompetitioun. Déi 12. Editioun vum LuxFilmFest huet eng 10.000 Leit an d’Kinossäll gelackelt.
Um Enn huet de Film Atlantide vum Yuri Ancarani de Grousse Präis gewonnen.
Hit the Road vum Panah Panahi konnt sech direkt zwee Präisser sécheren. Engersäits de Prix de la critique an de Publikumspräis. Prayers for the Stolen vum Tatiana Huezo ass och mam Prix de la critique ausgezeechent ginn.
What Will Summer Bring (Qué sera del verano) vum Ignacio Ceroi ass de Laureat vun der Documentaire-Selektioun.
Presidéiert gouf den internationale Jury vum LuxFilmFest dëst Joer vum palestinensesche Realisateur Elia Suleiman. De Festival huet den 3. Mäerz ugefaangen a geet de Weekend op en Enn.
E Sonndeg de Moie ginn et am Journal um Radio Reaktioune vum LuxFilmFest.