Wall of GeoparksAusstellung am Mëllerdall iwwert d'Steng aus aller Welt

RTL Lëtzebuerg
Steng fir unzepaken an ze kucken: am Mëllerdall kënnen den Ament Steng aus ënnert anerem Portugal, Norwegen a Kanada bewonnert ginn.

D’Mëllerdall ass eng Regioun wéi an engem Märchen: géi Fielsen an Zauberbëscher a mattendra ganz vill engagéiert Leit, déi engem mat ganz vill Passioun weisen, wéi déi grouss a vill Steng dann iwwerhaapt dohinner koumen, an déi fantastesch Landschaft, déi virun 200 Millioune Joer nach ënnert dem Mieresspigel louch, an haut scho bei der Unesco ugeklappt huet. Elo gëtt et eng Ausstellung am Mëllerdall, mat Steng aus der ganzer Welt: d’Wall of Geopark.

D’Conny Koob erkläert: Wéi mer d’Ausstellung zu Beefort geplangt hunn, hu mer eis och gefrot, wéi mer dat internationaalt Netzwierk vun den Unesco Global Geoparks kënne mat transportéieren a gläichzäiteg eben opweisen, wéi onheemlech villfälteg Steng kënne sinn. All Steen huet seng eege Geschicht, déi e mat sech bréngt, a grad dat mécht dat Ganzt natierlech besonnesch spannend an och gräifbar fir d’Visiteure vun eiser Ausstellung.

Steng also fir unzepaken oder nach besser: ze kucken. Aus Portugal, Norwegen, Rumänien, Kanada oder och Korea. Gewaart gëtt nach op Steng aus Afrika a Brasilien.

D’Ausstellung vum Natur a Geopark Mëllerdall weist doriwwer eraus, nieft der Wall of Geoparks, wéi déi faszinéierend Landschaft entstanen ass a léist een op eng interaktiv Manéier an d’Geschicht vum Mëllerdall andauchen. Si ass an der Woch all Dag vun 10 bis 17 Auer op, weekends aktuell op Ufro fir Gruppen. Vun Ouschteren ass och de Weekend fir de Public op.

Finanzéiert gëtt de Raumkonzept vum “Leader Regioun Mëllerdall” an ëmgesat huet et d’Gemeng Beefort, déi vun der Generaldirektioun fir den Tourismus ënnerstëtzt gëtt. D’Plaz vun der Ausstellung sinn och d’Raimlechkeete vun der Beeforter Gemeng. Eng Visitt vun der Expo kann och zesumme mat enger Wanderung iwwert de 6 Kilometer laange Léierpad “Mënsch & Steen” an de Sandsteebréch tëscht Beefort an Déiljen kombinéiert ginn, déi ee vun den 22 Geotopen duerstellen.

Back to Top
CIM LOGO