Relance vun de KinoenBekannte Film-Leit mobiliséiere sech

RTL Lëtzebuerg
D'Filmbranche zielt mat zu de grousse Verléierer vun der Corona-Kris.
Campagne vun IP Production fir d'Relance vun de Kinoshaiser
Fir d’Relance vun de Kinoshaiser gouf e Spot op Initiativ vun IP Production, der Associatioun vun de Kinosbedreiwer, vum Filmfong a Kinepolis gedréit.

Et ass e Secteur, an deem ganz Partië verschidde Beruffssparten déi lescht Méint kaum oder nëmme wéineg konnte schaffen. Fir d’Relance vun de Kinoshaiser gouf dohier elo e Spot am Kinepolis gedréit. Eng Sensibiliséierungs-Campagne, fir deenen eng Stemm ze ginn, déi um groussen Ecran ze gesinn sinn, awer natierlech och déi sëllegen aner Mataarbechter, déi hannert der Filmkamera schaffen an dofir suergen, dass Filmer entstinn.

Am Spot, deen op Initiativ vun IP Production, der Associatioun vun de Kinosbedreiwer, vum Filmfong a Kinepolis produzéiert gouf, gesäit an héiert een eng jett bekannten an och manner bekannte Gesiichter, dëst fir den Visiteure Merci ze soen. Mat dobäi Acteuren wéi Desirée Nosbusch, Luc Schiltz, Hana Sophia Lopes oder nach Tommy Schlesser, awer och Produzenten, déi Responsabel vun Deko oder Kostüm.

De Spot ass vu nächster Woch un dann an de Kinoen ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO