
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.
“Geistertreppe” ass e Gesellschaftsspill fir Kanner, dat 2004 de Kritikerpräis als “Kinderspiel des Jahres” gewonnen huet. Kee Wonner, well d’Spill vun der Lëtzebuerger Autorin Michelle Schanen ass scho fir kleng Kanner vu 4 Joer un einfach ze verstoen, bleift awer och fir Erwuessener spannend an interessant.

Zil ass et fir ganz uewen op der Geeschtertrap unzekommen. Leider ginn d’Spiller no an no selwer a Geeschter verwandelt, sou dass een op eemol d’Däppercher net méi vuneneen ënnerscheede kann. A well Kanner dacks e bessert Erënnerungsverméigen hu wéi déi Grouss, hunn déi kleng Butzen meeschtens d’Nues vir. “Geistertreppe” ass e Risespaass fir d’ganz Famill, et kann ee sech stonnelaang domat ameséieren.
Verlag: Drei Magier, Illustrator: Rolf Vogt, Auteur: Michelle Schanen
Link op de Site vun drei Magier Spiele
Gratis E-books fir Kanner, eng flott Saach, mä wou kann een déi fannen? De franséischen Online-Magazin ActuaLitté huet eng Lëscht mat Sitten zesummegestallt, wou een esou Bicher kann eroflueden. Ugebuede ginn honnerte vun Titelen fir all Altersgruppen a ganz verschiddene Formater.

Link op de Site vun ActuaLitté
Figueres a Katalounien ass d’Heemechtstad vum weltberüümte spuenesche Kënschtler Salvador Dalí. Fir d’Wierk vun dem 1989 verstuerwene Moler a Skulpteur an dee richtege Kader ze setzen, gouf 1974 an deem fréieren Theater e Musée ageriicht. Schonn eleng d’Gebai ass spektakulär, grad esou wéi d’Kollektioun, déi en Iwwerbléck iwwert d’Lieweswierk vum Dalí offréiert.
Och dëse Musée ass de Moment zou, et kann een awer op hirem Internet-Site eng virtuell Visitt matmaachen, déi et wierklech derwäert ass. Rendez-vous op www.salvador-dali.org
Virtuell Visite vum Teatro Museu Dali zu Figueres
E kann et einfach net si loossen! No deem grousse Succès vu senger Kannergeschicht “Am Land wou de Peffer wiisst” erzielt de Roland Meyer elo nees eng Geschicht op senger Facebooksäit. Déi Kéier ass se op Däitsch mam Titel “Michel”.
Deelen, liesen, virliesen a weiderschécken ass erlaabt an erwënscht!
Dem Literaturkritiker Jérôme Jaminet seng Initiativ “LiteraturLiwwererOnline” bitt weider Liesunge vu jonke Lëtzebuerger Auteuren op sengem Youtube-Channel un.
Derbäi si bis elo: Antoine Pohu, Anouk Mahr, Romain Haas, Eline Klaassen, Jean Bürlesk, Maxime Weber, Sandra Wolter, Fernando Martins da Mota, Cosimo D. Suglia, Tom Weber a Katalin Nagy.
LiteraturLiwwerer Liesunge vu jonken Auteuren
An och den Tom Hillenbrand ass weiderhin online aktiv, en Dënschdeg den Owend um 20 Auer liest en aus “Teufelsfrucht”, engem vu senge Xavier-Kieffer-Krimien.
Tom Hillenbrand:Die Geschichten sind zwar immer anders, aber verbindendes Element ist natürlich immer Luxemburg. Zweitens, meistens etwas das mit Lebensmitteln zu tun hat, und drittens natürlich auch die anderen Figuren wie Valérie Gabin und Pekka Vatanen, die tauchen natürlich auch alle wieder auf.
Rendez-Vous op www.tomhillenbrand.de
