Verschidde Länner hu Boykott annoncéiertIsrael dierf um ESC zu Wien dobäi sinn

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
De Eurovisioun Song Contest am nächste Joer zu Wien dierf wuel mat Israel, dofir awer ouni Länner wéi Spuenien oder Holland, sinn.
© FABRICE COFFRINI/AFP

Bei enger Reunioun vun der EBU, der European Broadcasting Union, en Donneschdeg zu Genf gouf net iwwer d’Participatioun vun Israel ofgestëmmt, esou datt de Wee fräi bleift, datt d’Land deelhuelen dierf. D’Tëleeschaînen aus ënner anerem Spuenien, Irland an Holland hu schonn annoncéiert, datt si dowéinst den ESC wäerte boykottéieren. D’ADR huet sech hannert d’Decisioun vun der EBU gestallt. Aus Lëtzebuerg war et jo schonn am Virfeld vum Vott d’Annonce, datt een, egal wéi d’Entscheedung géif ausfalen, zu Wien mat dobäi wäert sinn.

Kritik un der Participatioun vun Israel gëtt et haaptsächlech wéinst dem Virgoe vum Land an der Gazasträif no der Attack vun der radikalislamistescher Hamas de 7. Oktober 2023. Méi Chaînen hate scho viru Méint mat engem Boykott vum ESC zu Wien am Mee 2026 gedréit, sollt Israel hei dierfe matmaachen. Et gouf awer och Länner, déi d’Participatioun vun Israel als Bedingung erausginn haten, fir selwer matzemaachen. Och déi däitsch Regierung war komplett géint eng Ausgrenzung vun Israel.

Fir de Konflikt z’entschäerfen hat d’EBU am November nei Reegele fir d’Competitioun annoncéiert. Esou sollen ënner anerem schonn an den Halleffinalle professionell Jurye mat ofstëmmen an d’Reegele fir Publicitéitscampagnë goufe verschäerft. Anscheinend haten d’Tëleessenderen, déi sech an der EBU zesummeschléissen, bei der Versammlung, déi hanner zouenen Dieren ofgehale gouf, an der Majoritéit dofir gestëmmt, datt d’Mesuren, déi d’EBU geholl hat, duerginn. Doduerch gouf dann och decidéiert, datt een net iwwer d’Participatioun vun Israel misst ofstëmmen.

D’Membere vun der EBU hätten hir “kloer Ënnerstëtzung fir d’Reformen, fir d’Stäerke vum Vertrauen an dem Schutz vun der Neutralitéit”, ausgedréckt, huet d’EBU erkläert. Dëst erméiglecht et alle Memberen, déi dës Reegelen akzeptéieren, deelzehuelen.

D’ARD zum Beispill huet d’Decisioun vun der EBU “ausdrécklech” begréisst. Déi elo decidéiert Mesuren déngen dozou, “d’Transparenz, d’Neutralitéit am d’Fairness an de Prozesser vun der Ofstëmmung an der Organisatioun vum ESC ze festegen”.

Weider heescht et als Reaktioun op d’Boykottannoncen, datt d’ADR “sech dofir asetzt, Bewosstsinn ze schaffen, datt den Zesummenhalt vun alle Sender d’Grondlag fir d’Stäerkt an d’Villfalt vum ESC ass”. D’Chaînen aus Spuenien, Holland an Irland hunn allerdéngs direkt nom Vott zu Genf annoncéiert, datt si den nächsten ESC boykottéieren. Ënnert den Ëmstänn wier eng Participatioun “net kompatibel” mat sengen “grondleeënden allgemenge Wäerter”, huet den hollännesche Sender Avrotros matgedeelt. Déi iresch Tëlee RTE huet de Boykott mat “den entsetzleche mënschleche Verloschter an der Gazasträif” a mat der humanitärer Kris, déi nach ëmmer amgaangen ass, begrënnt.

Am Virfeld haten och d’Sender aus Slowenien an Island driwwer geschwat, den ESC ze boykottéieren. Aner Länner wéi d’Belsch, Schweden a Finnland haten dëst och an d’Ae gefaasst. Den ESC-Motto “United by Music”, also “Gëeent duerch Musek”, dréit domadder, zu enger Farce ze ginn.

Spuenien zielt zu de sougenannte Big Five, also de gréisste Sponsore vum ESC. Ausserdeem gehéieren déi spuenesch Spectateuren zu de leidenschaftlechste Fans vun der Competitioun. Irland ass mat siwe Victoire vum ESC respektiv der fréierer Versioun dat erfollegräichst Land vun der traditiounsräicher Musekscompetitioun. Holland war ëmmerhi scho fënnef Mol Éischten.

Den israeelesche Staatschef Isaac Herzog hat op X matgedeelt, datt Israel et géif verdéngen, “op all Bün vun der Welt vertrieden ze sinn”. Hien huet de Frënn vun Israel, “déi sech fir d’Recht vun Israel agesat” hunn, Merci gesot. Den ESC misst weiderhin net just d’Musek, mä och d’Frëndschaft tëscht den Natiounen an déi grenziwwerschreidend kulturelle Verstännegung, fërderen. Den israeeleschen Ausseminister Gideon Saar bezeechent d’Annonce vum Boykott vun anere Länner op X als “eng Schan”.

De Sträit mat Israel ass déi wuel gréisste Prouf an der Geschicht vun der Musekscompetitioun, déi weltwäit bekannt ass an dat nächst Joer fir déi 70. Kéier organiséiert gëtt. Nieft der Debatt ëm d’Virgoe vun Israel an der Gazasträif, gouf et och d’Virwërf, Israel kéint an dësem Joer d’Ofstëmmunge vun de Spectateure manipuléiert hunn. Déi israeelesch Kandidatin Yuval Raphael hat an der ESC-Finall zu Basel iwwerraschend de Vott vum Public gewonnen a war doduerch am Gesamtklassement Zweet ginn. Indicen op eng Manipulatioun konnt een awer net fannen. Israel kéint awer vu senger online Publicitéitscampagne profitéiert hunn.

Den ESC-Gewënner war an dësem Joer nom Vott vum Publik an dem Jury den éisträichesche Countertenor JJ, dowéinst ass den nächsten ESC dann och zu Wien.

U sech soll den ESC neutral an onpolitesch sinn. Allerdéngs hat sech d’Weltpolitik ëmmer nees op d’Bün geschlach. Esou dierf Russland wéinst sengem Krich an der Ukrain net méi un der Competitioun deelhuelen.

Back to Top
CIM LOGO