Nom Erfolleg vun der éischter Staffel war et zimmlech séier kloer, dass et eng zweete Saison Capitani géif ginn. Zanter zwou Woche lafen all Dënschden 2 Episode vun der neier Staffel exklusiv hei op RTL.
Am Kader vum Luxfilmfestival war um Dënschden den Owend och déi offiziell Première am Kinepolis um Kierchbierg. Schauspiller a Produktioun hunn d’Serie zesumme gekuckt an och Capitani-Fans hu mat dobäi dierfe sinn. RTL war um “rouden Teppech” derbäi.