
Et ass den éischten Album vum Claire Parsons. D’Jazz-Musekerin huet dat ganzt lescht Joer dru geschafft an elo ass en endlech do. Wéi de Numm et scho seet, dréint sech alles bëssen em d’Geometrie.
“D’Geometrie an der Musek, awer och d’Geometrie als Philosophie am Liewen. Dat heescht wann een d’Gefill huet, dass ee bëssen d’Orientatioun verluer huet, kann een sech op déi dräi Komponenten “Linnen, Punkten, Kéieren” (line, dot, curves) stäipen, fir sech rëm ze reorientéieren an sech eventuell nei ze fannen an deem een seng eege Geometresch Formen, oder säi Liewen eben, erëm nei gestalt oder ëmgestalt.”, esou d’Kënschtlerin.

Um Album fënnt ee 9 Lidder. Un all Stéck ass intensiv geschafft ginn a villes ass och réischt am Studio (DoubleMoon Records) decidéiert a verännert ginn.
Der Musekerin ass et awer net just wichteg wéi d’Stécker all fir sech kléngen, ma och dass se Eent erginn. Während dem Kompositiounsprozess huet si sech dowéinst och scho Gedanke gemaach, wéi eng Reiefolleg d’Lidder herno sollen hunn. Se sollen all anenee fléissen, esou d’Claire Parsons selwer.
Den Album soll ee Gesamtkonschtwierk sinn. Wichteg war et hier dowéinst och mat enger Kënschtlerin zesummen ze schaffen, déi dat Ganzt visualiséiere kann. Eng Artistin fir déi d’Claire Parsons sech scho ganz laang interesséiert, ass d’Astrid Rothaug. D’Decisioun wien den Album illustréiere sollt, war deemno séier getraff.
“In Geometry” kann deemno fir Leit, déi sech éischter an der visueller Welt wuel fillen, wéi och fir Leit, déi méi Auditiv sinn, interessant sinn.
Album kafenMéi iwwert d’Claire ParsonsArtBox mam Claire Parsons - Mee 2019