Benannt gouf déi nei Competitioun nom franséischen Trombonist Michel Becquet, deen och d’Jury vun dëser éischter Editioun presidéiert. Niewent dem Optrëtt vu jonken Talenter soll och d’Instrument u sech am Virgrond stoen.
Nodeems sech iwwer 100 Kandidaten aus bal 20 Länner gemellt haten, stinn der elo 42 an der Competitioun. Och e Lëtzebuerger huet et an déi enk Auswiel gepackt, nämlech de Marc Cesarini.
No den éischten Auditioune ass e Samschden (15. Abrëll 2023) d’Halleffinall am Lycée Edward Steichen zu Clierf. E Sonndeg, de 16. Abrëll ass dann déi grouss Finall an d’Remise de Prix am CUBE 521 zu Maarnech. D’Opféierunge si gratis fir de Publik zougänglech.