"Mercy"-TourD'Artrock-Ikon John Cale beandrockt mat sengem Concert zu Diddeleng

Olivier Treinen
Zu Diddeleng am Kulturzenter "Opderschmelz" huet den 80 Joer ale Waliser um Méindeg viru vollem Haus een Abléck a seng laang Solo-Carrière gebueden.

Déi aktuell Europa-Tour vum John Cale ass ee Bléck zréck op eng ganz eegen an extreem räich Diskographie, mee och ee Versuch mat der aktueller 17. Studioplack “Mercy” seng Perspektiv op haut (Zoustand vun der Welt, vun der Musek, vum Ech) matzedeelen.

10 Joer nom leschte richtegen Album “Shifty Adventures in Nookie Wood” mécht hien op “Mercy” de Bilan vun engem Liewen als Renaissance-Mann an Avantgarde-Rocker, ëmmer tëscht alle Still, mee ëmmer matten dran am Minimalismus, am Rock’n-Roll, am Experimentellen oder och virum Trend, mat sengem Sënn fir Musek zur Zäit, als Produzent vum éischte Jitz vu wichtegen neie Rock-Formatiounen (Déi 1. Stooges, déi 1. Modern Lovers, Happy Mondays)

De Waliser Cale, Baujoer 1942, klassesch musikalesch Formatioun Braatsch a Piano, huet an de 50er Joren de Piratesender “Radio Luxembourg” gelauschtert, “well déi Rock’n’Roll gespillt hunn”. Duerno koum seng Minimalismus-Period mam John Cage a La Monte Young zu New York.

Mam Velvet Underground an der Hëllef vum Lou Reed schreift hien zwou Placke laang Rockgeschicht. Et haten net vill Leit déi Musek Mëtt der 60er Jore gelauschtert, mee gefillt hunn all déi Leit duerno eng (wichteg) Band gegrënnt.

Vun de 70er Joren u bis haut waren et an der Suite 17 Studioplacken, iwwer 30 Soundtrack-Arbechten a 7 Live-Albumen.

Nodeems hien nom 1. Kand mat 50 Joer de Wee aus den haarden Droge fonnt huet, ass fir den Officer of the Order of the British Empire déi stäerkste Substanz hautzedaags Kaffi.

De Concert vum Méindeg, 20. Februar

Zu Diddeleng war et nom flotten Opener “Jumbo in Tha Modernworld” dat éischt Lidd vun der neier Plack mat sengem Hommage un d’Nico “Moonstruck (Nico’s song)”, der Sängerin vum Velvet Underground, deemoleg Protégée a “Superstar” vum Andy Warhol, eng Ursaach fir dem Cale säi Sträit mam Lou Reed, aus Jalousiegrënn.

De Waliser hat 1969 nom Velvet och dem Nico hiert legendären Album “The Marble Index” produzéiert, zu deem hie sot “Suicide léisst sech net gutt vermaarten”.

Moonstruck
You’re a moonstruck junkie lady
Staring at your feet
Breathing words into an envelope
To be opened on your death

Duerno huet de Cale mat senger Band eng Dekonstruktioun vun “Rosegarden Funeral of Sores”vum Album “Sabotage” vun 1979 proposéiert, an där den Text iwwer een Delay-Effekt op der Stëmm zerstéckelt gouf. D’New Wave Goth-Grupp Bauhaus hate sech dat Lidd 1980 zu eege gemaach.

D’Suite huet d’Titelstéck vum neien Album “Mercy” gemaach. Op der Plack war et eng dreemeresch sphäresch Zesummenaarbecht mat der Electronica-Musekerin Laurel Halo.

Zu Diddeleng huet de Cale dës Mini-Oper tëscht Iggy Pop an David Bowie awer ganz onelektronesch als Bluesrock-Stéck presentéiert.

Lives do matter
Lives don’t matter
Nothing, nothing at all
Days and days were spent in anger
Nights were filled with lust
Lift me up and show me mercy

Un de Bowie, deen 2016 kuerz no sengem leschten Testament-Album “Blackstar” gestuerwen ass, gëtt op der neier Plack mat “Nightcrawling” erënnert. Den David Bowie war faszinéiert vum Cale an dem Lou Reed senger Band Velvet Underground.


De Refrain vun deem Lidd

I can’t even tell when you’re putting me on
We’ve played that game before (We’ve played that game)
I can’t even tell when you’re putting me on (I can’t even tell)
We’ve played that game before (We’ve playеd that game)

huet Ähnlechkeeten a senger Liichtegkeet, mat där deemools vum Bowie an haut eeben dem Cale, deen an 2 Wochen 81 Joer al gëtt, wéi si selwer hir Plaz an der Rockgeschicht an Zeen setzen.

Weider goung et mat 2 Cale-Klassiker “Wasteland” vu “Black Acetate” (2005) a virun allem “Guts” vun der Plack vun 1974 “Slow Dazzle” weider.

“Noise of you” war dunn dee 4. Song vum neien Album. Ee Stéck voller Nostalgie, iwwer Geräischer aus der Vergaangenheet an dem Verlaange fir se (nees) ze héieren. Hei ass de Chouer vun de 4 Museker op der Bün zu Diddeleng ganz speziell ënnert d’Haut gaangen.

Waiting for my hearing to return
So I can hear you again (again, again)

Was the noise of you
Was the noise of you

“Half past France” vum neo-romantesche Meeschterwierk “Paris 1919" an de Closer vu “Mercy” de sarkasteschen Track “Out your window” hunn an dat politescht Pamphlet “Villa Albani” als impressionant a verspillten Improvisatioun um Enn vum Diddelenger Concert gefouert.Zugab war dem John Cale seng famous an häerzzerbriechend Reprise vum Elvis-Klassiker “Heartbreak Hotel”.

Hei d'Setlëscht vum Concert vum John Cale zu Lëtzebuerg.
Hei d’Setlëscht vum Concert vum John Cale zu Lëtzebuerg.

“See you soon”, sou de Waliser um Schluss am Centre Culturel “opderschmelz”.Dem Enthusiasmus vum Public an déi ëmmer nach beandrockend Presenz an definitiv onverkennbar Stëmm mat waliseschem Akzent vum John Cale loossen een dat op alle Fall hoffen.

“Lidder schreiwen, ass wéi een Haus bauen. Dir sicht een Terrain eraus, datt ass d’Musek, an da baut Dir d’Haus réischt drop, dat ass d’Geschicht.” (John Cale)

Back to Top
CIM LOGO