
Am Kader vum US-Schauspiller James Handy sengem Doud gouf dann och schonn eng Persoun festgeholl: angeeblech de Jong vu senger laangjäreger Partnerin. D'Police huet an hirer Matdeelung detailléiert, datt si den James Handy vu sech a mat enger Stéchwonn am Broschtkuerf fonnt hätten. D'Affer gouf nach an eng Klinick bruecht, ass do awer fir dout erkläert ginn.
D'Beamte vum Los Angeles Police Department goufen e Mëttwoch de Moie bei d'Haus vum Schauspiller geruff, nodeems si ee verstéierenden Noutruff kruten: "Ech sinn de Jong vum Mënsch, ech hu grad de Mann vun der Sënn ëmbruecht."
Op der Plaz ukomm, huet sech de Beamten ee Verdächtege gestallt, deen de 44 Joer ale Jong vun der laangjäreger Partnerin vum James Handy soll sinn. Wéi et vun der Police heescht, gouf hie wéinst Mordverdacht festgeholl.
Den James Handy, gebiertegen New Yorker, war a iwwer Joerzéngten a groussen Hollywood-Produktiounen a Serien a ville klenge Rollen ze gesinn. Nieft Krimiserie wéi "Cold Case", Navy CIS", "Law and Order" oder "Akte X", war hien och a Filmer wéi "Jumanji" (1995), "Unbreakable" (2000), "Logan" (2017) oder och nach fir d'lescht "Top Gun: Maverick" am Joer 2022 ze gesinn.