
De Pianist David Ianni huet mat 16 Joer ugefaange Concerten ze spillen. 2016 huet hien de Projet “My Urban Piano” ugefaangen. E Projet deen de Pianist duerch zwielef Europäesch Kulturhaaptstied gefouert huet. Fir all Stad huet hien e Pianosstéck komponéiert an gespillt huet hien op Pianoen di bei all Etappe vu Kënschtler artistesch beaarbecht goufen. All Kéier huet hien op ëffentleche Plazen gespillt an dat mat engem Video dokumentéiert.
Den Owend um 20:00 Auer spillt den David Ianni live aus senger Stuff.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.