Schonn als Kand huet hie sech fir Musek interesséiert an huet fréi ugefaangen ze danzen an eege Lidder ze schreiwen an dës Passioun huet him 2009 säin éischten Hit abruecht. Zanterhier kennt een de Kënschtler, dee seng Songs iwwregens gäre mol mat sengem eegene Numm alaut, duerch Stécker wéi “Want to Want me” oder “Talk Dirty”. D’Sophie Becker war sech säi Concert ulauschteren an hat dee 36 Joer ale Sänger kuerz viru sengem Optrëtt am Interview.