RIP "Stöcki"De Batteur vun der Band PUR ass verscheet

RTL Lëtzebuerg
D'Popband trauert ëm ee vun hire fréiere Bandmemberen. De Martin Stoeck ass am Alter vu 57 Joer un de Suitte vu senger Kriibserkrankung gestuerwen.
Bild vun der Band aus dem Joer 2019.
Bild vun der Band aus dem Joer 2019.
© HANNIBAL HANSCHKE / POOL / AFP

Nieft senge PUR-Optrëtter war hien och mat der Kölner Karneval-Band Paveier op Tour an huet och bei Concerte vu Schlagersänger wéi dem Michelle oder dem Claudia Jung ausgehollef. 2015 huet hien als Drummer bei PUR opgehalen a vun 2016 u Musekscoursen zu Oldenburg an Diepholz ginn.

Op senger Facebook-Säit hu seng Kanner den Doud vum Martin Stoecke matgedeelt. Hien hannerléisst e grousst Lach, dat kee fëlle kann, trauert d’Famill an de soziale Medien.

Och seng fréier Bandkolleege vu PUR hunn him Äddi gesot a sech un déi schéi gemeinsam Momenter erënnert. “Mir behalen dech, deng Liewensfreed an deng Gummibieren an allerbeschter Erënnerung.”

Back to Top
CIM LOGO