105 JoerDe BD-Kënschtler a Schrëftsteller Pe'l Schlechter huet Gebuertsdag

Bea Kneip
Den 20. Abrëll 1921 ass de Pe'l Schlechter als jéngste Fils vum Auteur Demy Schlechter an enger Kënschtlerfamill um Lampertsbierg op d’Welt komm. E Méindeg ass hien 105 Joer al ginn.
De BD-Kënschtler a Schrëftsteller Pe'l Schlechter gëtt 105 Joer al
Den 20. Abrëll 1921 ass de Pe'l Schlechter als jéngste Fils vum Auteur Demy Schlechter an enger Kënschtlerfamill um Lampertsbierg op d'Welt komm.

Hie gëllt als ee vun de Pionéier vun der Comic-Zeechnung zu Lëtzebuerg, hien huet joerzéngtelaang als Grafiker d'Plakater vun der Lotterie Nationale an der Foire entworf.

Den 9. Februar war eng besonnesch Liesung am Convictsgaart an der Stad. De Pe'l Schlechter huet aus sengem Buch "Fabelen" virgelies an huet och RTL en Interview ginn.

”Ech war där Jéngste vu fënnef. Bei ons doheem ass ëmmer vill gelaacht ginn an et ass vill gesonge ginn, aus deem Milieu eraus ass dat ganz automatesch komm.”

Wei säi Papp gestuerwe war, hat de Pe'l Schlechter zwee Joer. Seng Mamm war vun deem Ament un eleng mat 5 Kanner.

“Si war eng honnertprozenteg Optimistin. An op déi Manéier huet se hire Match och richteg gemaach. An dat ass dat, wat mir vun hir geierft hunn.”

Als Zeechner a Grafiker war de Pe'l Schlechter iwwer Joerzéngte ganz produktiv. Seng Wierker haten ëmmer eng eegen Handschrëft.

Och als Schrëftsteller war an ass hien aktiv: Gedichter, Kuerzgeschichten, Kannerbicher an, net ze vergiesse,n seng Memoiren "De Pol muss an de Krich", an deenen hie seng Erënnerungen als Zwangsrekrutéierten a Resistenzler verschafft.

2013 gouf hien – am Alter vu 92 Joer - fir seng Memoiren, mam Titel "De Pol muss an de Krich" mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Doranner erzielt hien, wéi hien de Krich als Zwangsrekrutéierten erlieft huet, deen an Holland desertéiert war a verstoppt gouf.

Fir säin neiste Buch huet hien déi berüümt Fabele vum Jean de La Fontaine op Lëtzebuergesch nei verzielt.

Pe'l Schlechter krut 105 Joer
E Portrait iwwert den Illustrateur an Auteur

RTL wënscht all Gutts fir de Gebuertsdag.

Back to Top
CIM LOGO