
Donieft huet hien u Musicalle wéi “Sweeney Todd”, “Gypsy” oder “Sunday in the Park with George” matgewierkt. Fir seng aussergewéinlech Aarbecht gouf de Sondheim mat 8 Grammy Awards, enger Abberzuel Tony Awards, engem Oskar an engem Pulitzer-Präis ausgezeechent. Viru 6 Joer krut hien iwwerdeems d’Friddensmedail vum deemolegen US-President Barack Obama. Dëst ass déi héchst zivil Auszeechnung, déi een an den USA kréie kann.

E Freideg ass de Stephen Sondheim am Alter vun 91 Joer bei sech doheem verscheet. Dat mellt d’Zeitung “New York Times” a berifft sech op der Broadway-Legend hiren Affekot. Den Dag virdru soll hien nach Thanksgiving mat Frënn gefeiert hunn.