EXPO "Komm mer grënnen e Veräin"De City Musée schafft de Patrimoine vum Veräinsliewen op

RTL Lëtzebuerg
De City Musée an der Stad weist den iwwerraschend groussen Impakt, dee Veräiner op eis Gesellschaft hunn.
D'Expo : "Komm mer Grënnen e Veräin"
De City Musée an der Stad schafft d’Traditioun vun de Veräiner hei zu Lëztebuerg op

Veräiner hunn eng laang Traditioun zu Lëtzebuerg an Associatioune gëtt et an alle Faarwen a Formen. De City Musée an der Stad huet dëse Patrimoine op de Leescht geholl, dëse wichtegen Deel vun eiser Gesellschaft, an hirer Ausstellung “Komm mer grënnen e Veräin” opgeschafft.

Gilden a “Bruderschaften” ware vum Mëttelalter bis an d’18. Joerhonnert gängeg Gesellschaftsformen. Kuerz drop koum dunn en Ëmschwong an déi éischte Veräiner sinn entstanen. “Déi éischt Veräiner do ware just di ganz dichteg Bierger dran. Dat war eng Liesgesellschaft déi 1826 entstanen ass. Do sinn d’Leit zesummekomm, fir d’Zeitung a Bicher ze liesen”, erkläert den Direkter vum Lëtzebuerg City Museum Guy Thewes.

Net laang an et war net méi just d’Bourgeoisie déi beienee komm ass. Biergerlech Leit hu sech zesumme gedoen a Weeër fonnt, fir sozial Besoinen ze decken, esou de Boris Fuge vum City Musée: “Eng Krankeversécherung huet am 19. Joerhonnert net vum Staat aus existéiert. Do hu sech an de Fabricken d’Aarbechter mam Fabrickshär organiséiert fir esou eng Assurance a Form vun engem Veräin op ze bauen.”

Sozialversécherungen waren awer net deen eenzege Grond, sech zesummen ze dinn. An de Fabricke sinn och Pompjeesveräiner, Chorallen a vill anerer entstanen. Dëst ass oft vun de Fabrickshären ënnerstëtzt ginn, seet eis de Boris Fuge: “Déi koumen net op aner Iddien, wéi zum Beispill hier Suen am Café ze versaufen, fir et kloer ze soen. Dat fënnt een och esou an Aussoe vun der Politik aus der Zäit. Et ass am Fong eng Approche gewiescht, fir d’Aarbechter ze erzéien an an der Gitt ze halen, dass se hir Aarbechtskraaft erhalen, sech weider bilden an hir Fräizäit mat eppes ze verbréngen, wat fir si selwer a fir d’Gesellschaft sënnvoll ass.”

Mat der Zäit sinn Associatiounen vun allen Zorte gegrënnt ginn, vu Sport bis Konscht war alles dobäi. An der Ausstellung fënnt ee klassesch Constellatiounen erëm wéi Fussballveräiner oder Fëscherclibb. Ma et gëtt och méi exotescher, wéi e Veräin dee sech der Ziichterei vu Gefligel gewidmet huet oder de “Peife-club” am Pafendall. Eng aner Associatioun déi erausstécht ass “Flamma”. “Dëst ass e wichtege Veräin dee schonn 1906 gegrënnt ginn ass an haut ronn 14.000 Memberen zielt. Sie ënnerstëtze Leit, déi no hirem Doud net begruewe, mee verbrannt wëlle ginn. Dat war laang Zäit net erlaabt hei zu Lëtzebuerg, do huet een missen an d’Ausland iwwerfouert ginn. De Veräin huet dat organiséiert an en huet schlussendlech och duerchgesat, dass e Crematoire zu Lëtzebuerg gebaut ginn ass. Et ass e bësse Makaber als Thema, mee et ass awer interessant, dass et esouguer fir esou e gesellschaftlecht Uleies e Veräin ginn ass, deen elo scho méi ewéi 100 Joer besteet”, esou de Guy Thewes.

D’Ausstellung weist, dass d’Geschicht vun de Veräiner ganz enk mat där vum Land verbonnen ass. Esou gëtt ënner anerem och den zweete Weltkrich opgeschafft. Wärend der Besetzung si vill Veräiner opgeléist ginn, well se sech de Reegelen vum NS-Regime net füge wollten: “Dat heescht, et huet een all Kéiers missen aus dem ‘Mein Kampf’ virliesen, wann de Veräin sech getraff huet an d’Kanner vun de Memberen hu missen an d’Hitlerjugend goen. Et sollt garantéiert sinn, dass an deem Veräin nëmmen dat gemaach gëtt, wat zu 100% konform mat der Ideologie vun deem Regime war”, seet de Boris Fuge.

Et ass eng villsäiteg Ausstellung, déi flott inzenéiert ass an duerleet, wat en iwwerraschend groussen Impakt Veräiner op eis Gesellschaft haten an haut nach hunn.

D’Expo “Komm mer grënnen e Veräin” am Stater Musée ass nach bis den 9. Juli op.

Hei geet et op d’Säit vum Lëtzeguerg City Museum.

Back to Top
CIM LOGO