Bis zu 25.000 Spectateure kënnen deen Owend am Zentrum vun Esch an um Belval eng Hellewull vu spannenden Animatiounen entdecken, vu Live-Musek iwwer Danz bis hin zu engem spektakuläre Rakéitestart.
Ee Mega-Event, dat gutt wëll koordinéiert sinn.D‘Spannung klëmmt, d‘Preparatioune lafen op Héichtouren. Schonn déi lescht Woch hunn op de Sitten Esch-Zentrum an Esch-Belval d‘Opbauaarbechte fir dee grousse REMIX-Opening ugefaangen – ee ganz besonnescht Evenement, dat mat engem enormen logisteschen Opwand verbonnen ass.
Eng weider Erausfuerderung fir d‘Organisateuren, wéi och fir d‘Stad Esch, war et fir een effizient Mobilitéitskonzept fir d‘Ouverture ze entwéckelen. Fir e gudden Oflaf ze garantéieren, gouf decidéiert e groussen Deel vum Stadzentrum an de Quartier Belval fir de Verkéier ze spären.
Deemno sinn e Samschdeg vu 16 Auer un och de Parking Place Helen Buchholtz, de Parking Bvd. Aloyse Meyer an de Parking Place de l’Hôtel de Ville fir de Public zou.
Fir de Parking ënnert der Stadhausplaz gëllt eng Ausnam fir Leit mat Handicap, déi Entréesticketen fir de REMIX Opening
Et soll een op déi grouss Offer vum ëffentlechen Transport zeréckgräifen.
Lass geet et e Samschdeg am Nomëtteg mat der offizieller Zeremonie op der Stadhausplaz. Duerno geet et da virun mat Animatiounen uechter d’Uelzechtstrooss, bis hin zur Brillplaz. D’Festivitéiten am Zentrum an um Belval dauere bis 23 Auer.
Wien bei deem grousse REMIX-Opening wëll dobäi sinn, dee kritt seng Ticketen iwwer de Site esch2022.lu. Et gëllen 3G a Maskepflicht.