Podpurri - Mir schwätze KulturDe Filmrealisateur Donato Rotunno

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Zënter iwwer 25 Joer ass den Donato Rotunno an der Lëtzebuerger Filmwelt mat senger Produktiounsfirma Tarantula present. Nieft der Funktioun vum (Co-)Produzent ass hien awer och als Realisateur an Zenarist aktiv souwuel fir Dokumentären, wéi och fir Fiktiounsfilmer. “BabyAlone” - seng Verfilmung vum Tullio Forgiarini sengem Roman “Amok” (2015) war als Lëtzebuerger Beitrag fir d’Oscare vum “Beschten Auslännesche Film” selektionnéiert ginn.

Ëmmer erëm taucht awer een Thema a senger Aarbecht op: seng italienesch Wuerzelen. Schonn am Documentaire “Terra Mia Terra Nostra” huet hie sech op d’Sich no sengen Originne gemaach, säin aktuelle Film “Io Sto bene” erzielt déi fiktiv Geschicht vun zwee Mënschen, déi a verschiddenen Zäiten aus hirer Heemecht Italien op Lëtzebuerg kommen.

De Film-Realisateur Donato Rotunno

A sengem Büro zu Bouneweg huet den Donato Rotunno mam Christiane Kremer iwwer d’Iddi vum Film geschwat, awer och iwwer déi formidabel Success-Story vun der Co-Produktioun “Deux”, iwwer d’Virdeeler vun der Méisproochegkeet an iwwer den Fussballeuropameeschter Italien.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO