D'Martine Schoellen huet bis ewell 13 Grüffelo-Bicher aus dem Engleschen op Lëtzebuergesch iwwersat, mam "Grüffelo Grousi" elo ganz rezent. An dësem Buch gëtt dann och en neie Personnage agefouert. Beim Iwwersetzen, seet d'Martine Schoellen, huet een awer och "literaresch Fräiheet", fir datt d'Geschicht eben net just iwwersat kléngt, mä fir datt si an de Lëtzebuerger Kontext adaptéiert gëtt, respektiv fir datt een och déi Sprooch benotzt, déi d'Leit och schwätzen.
De Stefan Jürgens, dee wuel vill Leit nach aus RTL Samstag Nacht kennen, kënnt mat sengem Programm respektiv senger Liesung "Dracula" op Gréiwemaacher an dat passend fir Halloween. De Komedien an Acteur huet d'Originalbuch op 100 Minutte gekierzt, ouni awer d'Story ze veränneren, an huet mat engem Produzent e Soundtrack fir seng Liesungen ausgeschafft. Zil ass et, bei der Liesung ze ënnerhalen, oder wéi de Stefan Jürgens seet, "net ze langweilen" an den Owend e bësse "spooky" ze gestallten.