Zënter 2010 lieft a schafft de Lëtzebuerger Kim Lang an der brittescher Metropol London als Moud- a Lifestyle Fotograf. Hie schafft ënner anerem fir international Designermarken a renomméiert Magasinner. Seng perséinlech Fotoe si gepräägt duerch seng kapverdianesch Wuerzelen. De Kim Lang fillt sech besonnesch mat de Kulture laanscht den Atlantik an am karibesche Raum verbonnen. Dës Identitéit, tëscht Europa, Afrika an Amerika, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch seng kënschtleresch Aarbecht.