
Iwwer e Mann, dee kee Kaméidi verdréit a verschwonnen ass, geet et am Guy Helminger sengem Roman “Lärm”, fir deen en elo säin zweete Servais-Präis iwwerreecht krut - ee politesche Roman aus verschiddene Perspektive geschriwwen, bei deem sech d’Fro no Wourecht, Fakt a Fiktioun stellt. Theemen, déi dem Guy Helminger wichteg sinn.
De Schrëftsteller a Servais-Präis Laureat Guy Helminger
Et ass net déi eenzeg Auszeechnung, déi de Schrëftsteller dëst Joer kritt huet. Zu Esch, do wou de Guy Helminger opgewuess ass, huet en dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer säi Wee bei d’Schreiwen, säi Brudder Nico, Lyrik a Punk-Musek, säin Doheem zu Köln a seng Fussball-Begeeschterung.
Lyrik-Präis zu Meran.Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
