
“Wie die Fliegen” heescht de Roman vum Samuel Hamen, dee geschwënn am däitsche Verlag “Diaphanes” erauskënnt. Am Théâtre National gëtt dës Woch “Falsche Sonne” (31.3. & 1.4.) gewisen, eng Produktioun, bei där hie sech mat Texter vun der britescher Schrëftstellerin Anna Kavan befaasst.
“Falsche Sonne/False Sun” am TNLD’Pendelen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg, geograpesch a sproochlech, ass fir de Samuel Hamen Alldag. No sengem Studium zu Heidelberg huet hien decidéiert d’Literatur och zum Beruff ze maachen.
D’Pendelen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg, geograpesch a sproochlech, ass fir de Samuel Hamen Alldag.
Am TNL huet hien dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer de Choix net Proff ze ginn, iwwer de Spagat tëscht zwee Länner, zwou Sproochen, d’Funktioun vum Kritiker a vun der A:LL, iwwer seng Faszinatioun fir Jelliskäpp an iwwer Detektivgeschichten a Road-Novellen.
Roman “Wie die Fliegen”Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
