
Bal dat ganzt Land soll als potentiell méiglech Plaz vun archeologeschen Iwwerreschter aklasséiert ginn, seet de Gemengesyndikat. De Gesetzprojet géif de Schutz vum Patrimoine iwwer aner Obligatioune vun de Gemenge stellen. De Syvicol fäert, datt doduercher méi lues kéint gebaut ginn. Kéint ee sech dat leeschten, wa sou vill Leit eng Wunneng sichen?
De Syvicol wënscht sech méi eng moderat Approche.
RTL NEWS: Gesetz iwwer Patrimoine culturel Sujet an der Chamberkommissioun