Et ass een décke Brocken, deen d'Chamberkommissioun vun der Kultur duerchzeknaen huet.

Nodeems déi zoustänneg Ministesch Sam Tanson am Juli de Gesetzprojet iwwert de Patrimoine culturel der Ëffentlechkeet presentéiert huet, sollen d’Deputéiert den Text elo analyséieren a verschaffen an esou d’Gesetz vun 1983 un d’Zäit vun haut upassen, zum Beispill mat engem Inventaire vun de Gebaier, déi solle klasséiert ginn.
An 10 Joer soll deen Inventaire komplett ofgeschloss sinn. Gemeng no Gemeng soll gekuckt ginn, wéi ee Gebai soll geschützt ginn, dofir gëtt ee sech Critèren. Allerdéngs ass den Delai vun 10 Joer verschiddenen Deputéierten, wéi zum Beispill dem LSAP-Parlamentarier Franz Fayot ze laang:

Et ass natierlech de Risiko, datt wärend den 10 Joer de Filet de sécurité, datt do déi al Prozedure geholl ginn, an datt mir déiselwecht Problemer hunn wéi am aktuelle System. Datt de Ministère net nokënnt, datt Saachen zerstéiert ginn, ier se kënne klasséiert ginn, an datt esou an den 10 Joer vill verschwënnt. Eng Schwächt wier, datt de kommunalen Denkmalschutz nach ëmmer kéint bestoe bleiwen, fäert de Franz Fayot. Do misst vun uewen erof geschützt ginn. Den Inventaire, dee mam Gesetzestext soll geschafe ginn, géif eng vill Aarbecht mat sech bréngen. Den André Bauler vun der DP huet dofir d’Iddi an de Raum gehäit, datt mat Externen un deem Inventaire soll geschafft ginn:

Dofir hunn ech proposéiert, ähnlech wéi am Beräich vum Nationalarchiv vun externe Partner hëllefe léisst, Spezialisten, déi een op konkret Projete setzt, fir den Inventaire méi séier kënnen ze realiséieren. D'Kulturministesch war deem och gutt gesënnt.

Fir d’Octavie Modert vun der CSV stellt sech nach eng aner Fro.

Wat den architektonesche Patrimoine ubelaangt, dee staark an d'PAGen agräift. PAGen sinn am Gaangen, nei gemaach ze ginn an hei kënnt eng nei juristesch Valeur dobäi, déi bis elo nach net bekannt ass.

Am Gesetzestext, deen duerch déi zoustänneg Chamberkommissioun erduerch muss, ass dann och Rieds vun enger sougenannten ZOA, Zone d'observation archéologique, déi delimitéiert ginn. D'Kulturministesch Sam Tanson:

Dat si Kaarten, déi den CNRA opstellt op Basis vun den Erfarungswäerter. Et gëtt ënnerschiddlech Terrainen, et ginn déi, wou mir wëssen, wou eppes ass, well scho Fouillë gemaach goufen. Entweder goufe se fräigeluecht, wat éischter rar ass, oder si sinn zerstéiert ginn. Wat éischter de Fall ass.

Oder awer et ass ee sech net sécher, datt eppes do fonnt kéint ginn. Da muss eng Demande gemaach ginn. D’Kaarte sollen an Zukunft och digital consultéiert kënne ginn, fir datt d’Bierger wëssen, wou wat läit.

Zuele vu klasséierten Objeten

Aktuell sinn 1558 Objeten national geschützt, dat heescht 2 Mol méi wéi nach virun 10 Joer, obwuel schonn zanter den 30er Jore kann national geschützt ginn.

  • 597 Objete sinn als Monument national klasséiert
  • 28 si vir e Klassement proposéiert
  • 937 sinn um Inventaire supplémentaire ageschriwwen
  • 169 Dossiere sinn an der Maach