Hien ass souwuel Schmusesänger, mä huet och en haarde Rocker-Kär. Den Eros Ramazzotti ass senger Linn bis haut trei bliwwen. Seng gefillvoll Balladen a rockeg Hits schreift den 59 Joer ale Museker net just selwer, hie produzéiert se och. Also och säi 16. Studioalbum. Op Social Media hat de Sing- a Songwriter beim Tour-Annoncement gesot, hie kéint et kaum erwaarden, zeréck beim Public ze sinn a seng Fans z’ëmäermelen.
Mir ware fir Iech op Esch an hu säi Concert am Kader vu senger “Battito Infinito World Tour” a Biller festgehalen.