
Den Ursprong vun der Beweegung
Ma wou leien d’Originne vun dëser Beweegung, déi gläichzäiteg eng Musek a - wann och fréier méi ewéi hautdesdaags - eng kulturell Beweegung ass?
Wéi bei all Museksrichtung ass et och beim Hip Hop schwéier, de geneeën Datum vun der Entsteeung nodréiglech op den Dag genee festzeleeën. Ma esouwuel Musekswëssenschaftler wéi och Hip-Hop-Insider vun der éischter Stonn hu sech schonn zanter laangem op den 11. August 1973 als zentralen Dag fir den Ursprong vum Hip Hop gëeenegt.
Déi méi oder manner offiziell Entsteeungsgeschicht vum Hip Hop geet also folgendermoossen: D’Cindy Campbell organiséiert am Gemeinschaftsraum vum Appartementshaus mat der Nummer 1520 op der Sedgewick Avenue eng Back to School Party. Op dëser trëtt och hiren eelere Brudder Clive, alias DJ Kool Herc op.
Et soll dann op dëser Party sinn, wou den DJ Kool Herc déi nämmlecht Plack op 2 verschiddene Plackespiller lafe gelooss huet an d’Nol vum Plackespiller ëmmer nees an d’Luucht opgehuewen an op den instrumentellen Deeler vum Lidd nees erofgelooss huet. Duerch dës als “Needle Dropping” bezeechent Technik ass den éischte Breakbeat entstanen.
Op dës Breakbeats, danzen d’Leit op de fréien Hip Hop Jams an der Bronx an den 1970er Joren. Eng weider Roll, déi sech, nieft dem DJ, op dëse Partyen etabléiert huet, ass déi vum Master of Ceremonies oder kuerz: MC. Dësem seng Funktioun war et d’Leit ze animéieren. Dofir huet hien ënner anerem iwwer d’Breakbeats, déi den DJ gespillt huet, gerapt. Mëtt den 1970er Joren gëtt dann och dat sougenannte Scratchen erfonnt, dat et erméiglecht, d’Placken méi präzis ze manipuléieren an ëmmer méi präzis a propper Breakbeats ze schafen.
Et war dëst Zesummespill tëscht DJ an MC, dat sech zu der sougenannter Rap-Musek entwéckelt huet. Hautdesdaags ginn d’Begrëffer Rap an Hip Hop quasi synonym matenee genotzt an et war dann och de musikaleschen Deel vun der Beweegung, deen an den nächste Joerzéngten d’Welt eruewert huet.
Déi éischt Rap-Lidder
Um Ufank ass Rapen eppes, wat haaptsächlech live op den New Yorker Jams stattfonnt huet. Déi éischt Hip Hop Lidder entstinn Enn den 1970er Joren. Fir d’Musek iwwert déi gerappt gëtt - de sougenannte Beat - ginn dacks al Soul- an Disco-Lidder gesampled an et gëtt mat der Vitess, der Héicht respektiv Déift vum Lidd an esou weider gespillt.
Dat wuel bekanntste Lidd aus dëser fréier Phas vum Hip Hop ass Rappers Delight vun der Shugarhill Gang. Déi 3 MCs Big Bank Hank, Wonder Mike a Master Gee rappen iwwert e Beat, fir dee si Good Times vu Chic samplen an - einfach ausgedréckt - erof ze stëmmen.
Weider Kënschtler aus dëser fréier Zäit vum Hip Hop, déi bis an d’Mëtt vun den 1980er Jore geet, an haut als “Old School Hip Hop” bezeechent gëtt, sinn ënner anerem d’DJen Grandmaster Flash an Afrika Bambata an d’Rapper Melle Mel a Grandmaster Caz.
Déi verschidde Stiler
Vun der Mëtt vun den 1980er, bis Mëtt den 1990er breet den Hip Hop sech vun der Ostküst iwwert déi ganz USA aus. Dës Phas, an där sech dann och verschidde lokal Stiler a Richtunge vum Hip Hop entwéckelt hunn, gëtt haut dacks als de sougenannte “Golden Age of Hip Hop bezeechent”.
Déi ëffentlech Perceptioun vun der Musek ass an dëser Zäit vum Géigesaz tëscht dem sougenannten “East Coast Rap”, deem säin Zentrum zu New York, an dem “West Coast Coast Hip Hop”, dee sech haaptsächlech zu Los Angeles, Compton an Oakland entwéckelt, gepräägt. Bekannte Vertrieder vum Ostküste-Rap sinn den Notorious BIG, Nas an Jay Z, fir der nëmmen e puer ze nennen. D’Westküst gëtt dann duerch d’Grupp N.W.A, zu där um Ufank vun hirer Karriär och den Ice Cube an den Dr. Dre gehéieren awer och duerch Kënschtler wéi den 2 Pac an de Snoop Dogg vertrueden.
Gläichzäiteg, entwéckelt sech - ausserhalb vun der ëffentlecher Opmierksamkeet - am Süde vun den USA eng Panoplie u verschiddene lokale Sub-Stiler vun Hip Hop Musek. Vum Miami Bass, iwwert de Crunk, den Atlanta Hip Hop an de Memphis Rap, fir der nëmmen e puer ze nennen. Pionéier respektiv bekannte Vertrieder vun deene jeeweilege Stiler sinn 2 Live Crew, Geto Boys, Lil Jon, Outkast, Three 6 Mafia a UGK.
Aus dem Memphis Rap entwéckelt sech dann och déi sougenannten Trap Music, déi zanter Mëtt den 2010er Joer de Mainstream vum Hip Hop an den USA a wäiten Deeler bestëmmt. Vill vun den hautdesdaags bekanntste Rap-Kënschtler, wéi zum Beispill, Gucci Mane, T.I. a Migos loosse sech dem Trap zourechnen.
Vun Enn den 1980er Jore bis haut diversifizéiert sech den Hip Hop ëmmer weider: Vill Kënschtler, loosse sech mëttlerweil dann och net méi streng engem Stil zouuerdnen.
Den Hip Hop fënnt säi Wee an Europa
An den 1980er Joren etabléiert sech dann, beaflosst aus den USA, eng europäesch Rap-Zeen. Déi 3 wichtegst Länner am europäeschen Hip Hop si wuel Groussbritannien, Frankräich an Däitschland.
A Groussbritannien entwéckele sech Rap an Hip Hop quasi zweegleiseg. Op der enger Säit entwéckelt sech aus der Musek vu karibeschen Awanderer, déi sougenannte UK Sound System Zeen, aus där mat der Zäit, Garage, Drum and Bass, Jungle a schliisslech och Grime entstinn.
Op der anerer Säit entwéckelt sech Enn den 1980er am UK, inspiréiert vum amerikanesche Rap, de “UK Hip Hop”. Dësen ass stilistesch méi no um traditionellen amerikanesche Rap bliwwen. Haut si Grime an Drill déi erfollegräichste Stiler am britteschen Hip Hop.
A Frankräich leeft schonn 1984 déi éischt Hip-Hop-Emissioun um Fernsee. Vu Januar bis Dezember 1984 gëtt op TF1 “H.I.P. H.O.P” diffuséiert. Iwwert d’Medie kënnt de Rap an d’Zëmmer vun de Jugendlechen a Jonken Erwuessenen an et entwéckelt sech eng franséisch Rap-Zeen. Zu de fréie Pionéier zielen hei “Suprême NTM”, “IAM” oder och nach “MC Solaar”
Och an Däitschland ginn déi Jonk iwwert d’Medien op den Hip Hop opmierksam. Eng zentral Roll spillen hei d’Filmer “Wild Style” a “Beat Street”. Ma och d’amerikanesch Zaldoten, déi an Däitschland stationéiert sinn, bréngen de Rap aus den USA mat an Däitschland. Sou entsteet an den 1980er eng däitsch Hip Hop Zeen an där um Ufank nach op Englesch gerappt gëtt.
Rap op Däitsch taucht zwar schonn zanter dem Ufank vun den 1980er Joren als Stilmëttel a Lidder vu verschiddene Kënschtler op, als éischt däitscht Rap-Lidd, dat aus der däitscher Hip-Hop-Zeen kënnt, gëllt awer “Ahmet Gündüz” vun der “Fresh Familiee” aus dem Joer 1989.
Zanter Enn vun den 1980er entwéckele sech dann an Däitschland eng Partie vu lokale Rap-Zeenen: Heidelberg, Frankfurt beim Main, Stuttgart, Hamburg an natierlech Berlin gëllen an den 1990er a fréien 2000er als wichtegst Stied am däitsche Rap.
Et ass och an den 1990er Joren, wou Lidder vun däitschen Hip-Hop-Kënschtler an den Charts opdauchen. Zu de bekanntsten Artisten aus dëser Zäit zielen “Absolute Beginner”, “Advanced Chemistry” an och “Die Fantastischen Vier”.
Mëtt den 2000er Joren faasst dann och den däitsche Gangster-Rap am Mainstream Fouss. Déi zwee bekanntste Vertrieder vun dësem Genre, de Sido an de Bushido zielen och haut nach zu den erfollegräichsten däitsche Rapper.
Haut zielt Hip Hop an Däitschland zu de Museksrichtungen, déi am meeschte gelauschtert ginn, a vu Concious-, iwwer Battle-, a Gangster, bis hin zu Mumble- a Cloudrap an Trap ass quasi all Stil vertrueden.
An och zu Lëtzebuerg faasst den Hip Hop an den 1980er-Jore Fouss. Eng zentral Plaz fir déi réi Lëtzebuerger Zeen ass d’Ënnerféierung ënnert dem fréiere Centre Hamilius um Aldrénger an der Stad. Wéi den Alain Tshinza a sengem Documentaire “Hamilius: Hip Hop Culture in Luxembourg” gewisen huet, gouf hei schonn an den 1980er gesprayt, gebreakt a gerappt.

Et dauert awer bis 2003, bis mat “Firwat” vun “The Gentles” respektiv “Gentle MCs” den éischte Rap-Song op Lëtzebuergech op de Radioe leeft.
Mëtt den 2000er grënnt sech da mat “De Läb” déi bis haut bekanntste Lëtzebuerger Hip-Hop-Formatioun.
Hautdesdaags huet sech dann och hei am Land eng breetgefächert Hip-Hop-Zeen mat Kënschtler aus deene verschiddene Subgenren entwéckelt. Déi bekanntste Vertrieder vum Lëtzebuerger Hip Hop sinn nieft “De Läb” ënnert anerem d’Stayfou-Memberen Turnup Tun an Tommek, Maale Gars, Freshdax, Bandana, T the Boss, Bazooka Brooze oder och nach ALS.