RIPDen Oscar-Gewënner an "Avengers"-Star William Hurt ass dout

RTL Lëtzebuerg
Den 71 Joer ale Schauspiller ass un de Suitte vu Prostatakriibs gestuerwen. Dee war 2018 bei him diagnostizéiert ginn.

De William Hurt krut 1986 den Oscar als beschten Acteur fir seng Roll am Film “Kuss der Spinnenfrau”. Hien huet an iwwer 80 Kinosfilmer matgespillt.

US-Medien hu säin Doud an der Nuecht op e Méindeg gemellt a sech dobäi op Aussoe vu sengem Jong Will beruff. Deemno wier de Will Hurt 1 Woch viru sengem 72. Gebuertsdag friddlech, ëmgi vu senger Famill gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO