Am Viséier vun de Leit, déi sech zum Deel massiv enttäuscht sote vun deem wat si e Samschdeg zu Esch gebuede kruten, war déi zum Deel chaotesch Organisatioun um Site Belval, mee och d’Koordinatioun tëscht de Spektakelen.
Et hätt un Orientatioun am Programm gefeelt, et wiere laang Schlaange ginn, de Catering wier quasi inexistent gewiescht a bei deem, wat owes op de Büne gebuede gouf, wieren et Längten “en masse” ginn.
D’Generaldirektesch vun Esch2022 assuméiert d’Kriticken, mee betount och, datt een et ni jiddwerengem ka gerecht bei der Programmatioun vun esou engem Event maachen. Ëmmerhi wieren eng dausend Leit un der Ouverture bedeelegt gewiescht.
“Mir sinn nach ëmmer an där Covid-Situatioun, déi d’Saach sécher net méi einfach mécht. No zwee Joer hate mer awer d’Chance, fir iwwerhaapt dierfen esou e grousst Event z’organiséieren. Natierlech – et ka jo och net jiddwerengem gefalen – an et soll jo och net. Et soll jo och kënne kritesch hannerfrot ginn.”
Et géif ee probéieren, “op all Säit eng Äntwert ze hunn”, esou d’Nancy Braun. “Fir déi Saachen, déi net esou waren, wéi se sollten, géif ech mech einfach entschëllegen. Mä, wéi gesot, bei esou engem groussen Event huet ee villäicht net méi grad alles sou am Grëff, wéi engem dat léif ass.”
D’Rakéit, déi e Samschdeg zu Esch-Belval lancéiert gouf, war iwwerdeem als symbolesch Friddensrakéit bezeechent ginn.
D’Escher Kulturjoer geet natierlech am ganze Minett mat enge sëllegen Events weider:
Um Weekend vum Buergbrennen ass den nächste Samschdeg a Sonndeg e grousse Feier-Spektakel zu Féngeg an der Gemeng Käerjeng. Mat spektakuläre Feier-Skulpture soll de Leit och nees d’Traditioun méi no bruecht ginn.
Initiateure vum Feier-Festival sinn de Jean Reitz an d’Florence Hoffmann.