Presentéiert gëtt hei eng Sammlung vu Lëtzebuerger Konscht aus dem 20. Joerhonnert. Vun de fréie Secessioniste bis hin zur abstrakter Konscht um Enn vum Joerhonnert kritt een an dëser Ausstellung d’Geschicht vun der moderner Lëtzebuerger Konscht chronologesch retracéiert.