Podpurri - Mir schwätze KulturD'Makadammen

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou en eis ëmfänke wëll.

No 20 Joer ass Schluss!
Den 3. Abrëll trieden d’Makadammen eng leschte Kéier mat hirem Best-Of Programm “20" op an da war et dat mam Frae-Cabarets-Grupp.

Ugefaang huet alles fir d’Monique Mille, d’Maggy Molitor, d’Susi Lentz an Théa Engel (an déi an der Tëschenzäit verstuerwe Sophie Proost), wéi se gefrot goufen, dach emol e Programm fir den Fraendag ze maachen. No der Virstellung ass no méi gefrot ginn an och bei de Makadammen ass d’Loscht grouss gewiescht en eegene Grupp mat eegenen Texter a Programmer ze maachen an domadder der “Revue” de Réck ze dréinen.

No 20 Joer ass Schluss!

An all de Jore si se mat der Musekerin Netty Glesener uechtert d’Land opgetrueden an hu vill zesummen erlieft. Bei enger vun den Makadammen doheem hu se dem Christiane Kremer vill erzielt: iwwer den Ufank, iwwer d’Chancen, déi hir männlech Kolleegen hinne ginn hunn, iwwer de Publikum an iwwer déi schéi Momenter virum wärend a vrun allem och no dem Optrëtt.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO