
Den 21. Dezember 2022 si fir d’éischte Kéier d’Lëtzebuerger Musekspräisser iwwerreecht ginn. Eng Unerkennung fir déi ganz Lëtzebuerger Musekszeen, awer och eng Motivatioun an eng Ënnerstëtzung um Wee an d’Professionaliséierung.
D’Kategorie “Hannert der Bün” sollt dobäi och d’Wichtegkeet vun deene Beruffer ervirsträichen, déi am Hannergrond existéieren. Ausgezeechent gouf d’Musekmanagerin Stéphanie Baustert, déi an de leschte fënnef Joer vrun allem am Beräich Jazz-Musek geschafft huet.

Si ass d’Laureatin vum Musekspräis “Hannert der Bün”.
D’Christiane Kremer war bei d’Stephanie Baustert gratuléieren an ass dobäi méi gewuer ginn iwwer hire Wee an de selbstännegen Job, iwwer de Stellewäert vum Jazz, iwwer d’Bourse vu kulturlx an iwwer den “Emile”.
Homepage vum Stephanie Baustert

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.
