Den ëmstriddenen US-President Donald Trump gouf wärend der Zeremonie net emol ernimmt. Dat schéngt scho bal verdächteg. Amplaz stoungen aner emotional Momenter an Éierungen am Vierdergrond.
D’Mikey Madison huet den Oscar vun der beschter Actrice gewonnen, wärend dem Sean Baker säi Film “Anora” iwwer eng Sexaarbechterin fënnef Oscare mat heem hellt, dorënner dee fir de beschte Film.
Den Dokumentarfilm “No Other Land”, e gemeinsaamt Wierk vun palästinenseschen an israeelesche Kënschtler, huet den Oscar vum beschten Documentaire gewonnen an d’Bün genotzt, fir op de Konflikt am Noen Osten opmierksam ze maachen.
D’Zoe Saldaña, déi den Oscar fir déi bescht Nieweroll krut, huet an hirer Ried iwwer hiert Liewen als Kand vun Immigrante geschwat an de Präis hirer Groussmamm gewidmet. D’Daryl Hannah huet en Zeeche fir d’Ukrain gesat, andeems si wärend hirer Presentatioun “Slava Ukraine” gesot huet.
Wat politesch Aussoen oder Skandaler ugeet, war et eng am grousse Ganzen éischter oninteressant Zeremonie.