"Anora" ass mat 5 Auszeechnungen de grousse Gewënner vum Owend
An der Nuecht vum 2. op den 3. Mäerz 2025 sinn zu Los Angeles d'Oscare verdeelt ginn. Moderéiert gouf den Owend vun der US-amerikanescher Late-Night-Legend Conan O'Brian.
Fir déi 97. Kéier gouf an der Nuecht op e Méindeg am Dolby Theatre zu Los Angeles d'Oscars iwwerreecht, dem wuel bekanntesten a fir vill Leit och wichtegste Filmpräis vum Joer. Ausgezeechent ginn dës Filmer jo vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences, mat hiren dausende Memberen.
Moderéiert gouf den Owend dëst Joer vum Conan O' Brian, deen jo zu de groussen Talkshow-Host an den USA gehéiert.
Mat am ganze 5 Oscaren, ass déi romantesch Drama-Comedy "Anora" ausgezeechent ginn, dat fir de beschte Film, bescht Actrice, bescht Regie, bescht Original-Dréibuch an de beschte Schnatt. Hei dréit et sech jo ëm en Independent-Film, dee mat engem vergleichsweis klenge Budget gedréit gouf a vun der Boite "Neon" erausbruecht gouf. Eréischt zu Cannes konnt de Film, dee jo an d'Welt vu Sex-Aabrechter antaucht, d'Palm d'Or 2024 gewannen.
"The Brutalist" konnt am ganzen 3 Oscaren ofraumen, een dovunner goung un den Adrien Brody, fir seng Haaptroll als jiddeschen Architekt Laszlo Toham. Dëst ass säin 2. Oscar als beschten Haaptacteur, 2003 krut hie säin éischten, dat fir seng Roll an "The Pianist".
De Musical-Thriller "Emilia Pérez" goung an sech virun der Präisiwwerreechung als grousse Favorit an den Oscar-Owend eran. De Film ëm e mexikaneschen Drogeboss, deen en neit Liewen als Fra ufänke wëll, war a ganzer 13 Kategorien nominéiert.Schlussendlech goungen 2 Oscaren un déi franséisch Produktioun.
D'Musical-Verfilmung "Wicked" huet 2 Oscare kritt, genee sou wéi Dune: Part Two. De Vatikan-Thriller "Conclave" vum Edward Berger an de Body-Horror-Film "The Substance" mam Demi Moore kruten all Kéiers een Oscar. De Präis fir déi beschte Haaptactrice gouf am Virfeld jo héich fir d'Demi Moore gehandelt, ma ass dunn awer un d'Mikey Madison fir hir Leeschtung an Anora gaangen.
Hei all eenzel Gewënner am Iwwerbléck
Beschte Film
Gewënner: Anora
Nominéiert waren och nach:
- The Brutalist
- A Complete Unknown
- Conclave
- Dune: Part Two
- Emilia Pérez
- I'm Still Here
- Nickel Boys
- The Substance
- Wicked
Bescht Regie
Gewënner: Anora vum Sean Baker
Nominéiert waren och nach:
- The Brutalist vum Brady Corbet
- A Complete Unknown vum James Mangold
- Emilia Pérez vum Jacques Audiard
- The Substance vum Coralie Fargeat
Beschten Haaptacteur
Gewënner: Adrien Brody (The Brutalist)
Nominéiert waren och nach:
- Timothée Chalamet (A Complete Unknown)
- Colman Domingo (Sing Sing)
- Ralph Fiennes (Conclave)
- Sebastian Stan (The Apprentice
Bescht Haaptactrice
Gewënner: Mikey Madison (Anora)
Nominéiert waren och nach:
- Cynthia Erivo (Wicked)
- Karla Sofía Gascón (Emilia Pérez)
- Mikey Madison (Anora)
- Demi Moore (The Substance)
- Fernanda Torres (I'm Still Here
Beschten Niewenduersteller
Gewënner: Kieran Culkin (A Real Pain)
Nominéiert waren och nach:
- Yura Borisov (Anora)
- Edward Norton (A Complete Unknown)
- Guy Pearce (The Brutalist)
- Jeremy Strong (The Apprentice)
Bescht Niewenduerstellerin
Gewënner: Zoe Saldaña (Emilia Pérez)
Nominéiert waren och nach:
- Monica Barbaro (A Complete Unknown)
- Ariana Grande (Wicked)
- Felicity Jones (The Brutalist)
- Isabella Rossellini (Conclave)
Beschten internationale Film
Gewënner: I'm Still Here (Brasilien)
Nominéiert waren och nach:
- The Girl with the Needle (Dänemark)
- Emilia Pérez (Frankräich)
- The Seed of the Sacred Fig (Däitschland)
- Flow (Lettland)
Bescht Originaldréibuch
Gewënner: Anora geschriwwe vum Sean Baker
Nominéiert waren och nach:
- The Brutalist geschriwwe vum Brady Corbet a Mona Fastvold
- A Real Pain geschriwwe vum Jesse Eisenberg
- September 5 geschriwwe vum Moritz Binder an Tim Fehlbaum, zesumme mam Alex David
- The Substance geschriwwe vum Coralie Fargeat
Bescht adaptéiert Dréibuch
Gewënner: Conclave, Dréibuch vum Peter Straughan
Nominéiert waren och nach:
- A Complete Unknown, Dréibuch vum James Mangold an Jay Cocks
- Emilia Pérez, Dréibuch vum Jacques Audiard an Zesummenaarbecht mam Thomas Bidegain, Léa Mysius an Nicolas Livecchi
- Nickel Boys, Dréibuch vum RaMell Ross a Joslyn Barnes
- Sing Sing, Dréibuch vum Clint Bentley, Greg Kwedar, Geschicht vum Clint Bentley, Greg Kwedar, Clarence Maclin an John "Divine G" Whitfield
Bescht Kamera
Gewënner: The Brutalist (Lol Crawley)
Nominéiert waren och nach:
- Dune: Part Two (Greig Fraser)
- Emilia Pérez (Paul Guilhaume)
- Maria (Ed Lachman)
- Nosferatu (Jarin Blaschke)
Bescht visuell Effekter
Gewënner: Dune: Part Two (Paul Lambert, Stephen James, Rhys Salcombe a Gerd Nefzer)
Nominéiert waren och nach:
- Alien: Romulus (Eric Barba, Nelson Sepulveda-Fauser, Daniel Macarin a Shane Mahan)
- Better Man (Luke Millar, David Clayton, Keith Herft a Peter Stubbs)
- Kingdom of the Planet of the Apes (Erik Winquist, Stephen Unterfranz, Paul Story a Rodney Burke)
- Wicked (Pablo Helman, Jonathan Fawkner, David Shirk a Paul Corbould)
Bescht Zeenebild
Gewënner: Wicked (Production Design: Nathan Crowley, Set Decoration: Lee Sandales)
Nominéiert waren och nach:
- The Brutalist (Production Design: Judy Becker, Set Decoration: Patricia Cuccia)
- Conclave (Production Design: Suzie Davies, Set Decoration: Cynthia Sleiter)
- Dune: Part Two (Production Design: Patrice Vermette, Set Decoration: Shane Vieau)
- Nosferatu (Production Design: Craig Lathrop, Set Decoration: Beatrice Brentnerová)
Beschte Kostümdesign
Gewënner: Wicked (Paul Tazewell)
Nominéiert waren och nach:
- A Complete Unknown (Arianne Phillips)
- Conclave (Lisy Christl)
- Gladiator II (Janty Yates an Dave Crossman)
- Nosferatu (Linda Muir)
Beschte Make-up a bescht Coiffure
Gewënner: The Substance (Pierre-Olivier Persin, Stéphanie Guillon a Marilyne Scarselli)
Nominéiert waren och nach:
- A Different Man (Mike Marino, David Presto a Crystal Jurado)
- Emilia Pérez (Julia Floch Carbonel, Emmanuel Janvier a Jean-Christophe Spadaccini)
- Nosferatu (David White, Traci Loader a Suzanne Stokes-Munton)
- Wicked (Frances Hannon, Laura Blount a Sarah Nuth)
Bescht Filmmusek
Gewënner: The Brutalist (Daniel Blumberg)
Nominéiert waren och nach:
- Conclave (Volker Bertelmann)
- Emilia Pérez (Clément Ducol a Camille)
- Wicked (John Powell a Stephen Schwartz)
- The Wild Robot (Kris Bowers)
Beschte Filmsong
Gewënner: "El Mal" aus Emilia Pérez
Nominéiert waren och nach:
- "The Journey" aus The Six Triple Eight
- "Like A Bird" aus Sing Sing
- "Mi Camino" aus Emilia Pérez
- "Never Too Late" aus Elton John: Never Too Late
Beschte Schnatt
Gewënner: Anora (Sean Baker)
Nominéiert waren och nach:
- The Brutalist (David Jancso)
- Conclave (Nick Emerson)
- Emilia Pérez (Juliette Welfling)
- Wicked (Myron Kerstein)
Beschten Toun
Gewënner: Dune: Part Two (Gareth John, Richard King, Ron Bartlett an Doug Hemphill)
Nominéiert waren och nach:
- A Complete Unknown (Tod A. Maitland, Donald Sylvester, Ted Caplan, Paul Massey a David Giammarco)
- Emilia Pérez (Erwan Kerzanet, Aymeric Devoldère, Maxence Dussère, Cyril Holtz a Niels Barletta)
- Wicked (Simon Hayes, Nancy Nugent Title, Jack Dolman, Andy Nelson an John Marquis)
- The Wild Robot (Randy Thom, Brian Chumney, Gary A. Rizzo an Leff Lefferts)
Beschten Animatiounsfilm
Gewënner: Flow (Gints Zilbalodis, Matīss Kaža, Ron Dyens a Gregory Zalcman)
Nominéiert waren och nach:
- Inside Out 2 (Kelsey Mann a Mark Nielsen)
- Memoir of a Snail (Adam Elliot a Liz Kearney)
- Wallace & Gromit: Vengeance Most Fowl (Nick Park, Merlin Crossingham a Richard Beek)
- The Wild Robot (Chris Sanders a Jeff Hermann)
Beschten animéierte Kuerzfilm
Gewënner: In the Shadow of the Cypress (Shirin Sohani an Hossein Molayemi)
Nominéiert waren och nach:
- Beautiful Men (Nicolas Keppens a Brecht Van Elslande)
- Magic Candies (Daisuke Nishio an Takashi Washio)
- Wander to Wonder (Nina Gantz a Stienette Bosklopper)
- Yuck! (Loïc Espuche and Juliette Marquet)
Beschte Kuerzfilm
Gewënner: I'm Not a Robot (Victoria Warmerdam a Trent)
Nominéiert waren och nach:
- A Lien (Sam Cutler-Kreutz an David Cutler-Kreutz)
- Anuja (Adam J. Graves a Suchitra Mattai)
- The Last Ranger (Cindy Lee an Darwin Shaw)
- The Man Who Could Not Remain Silent (Nebojša Slijepčević an Danijel Pek)
Beschten Dokumentarfilm
Gewënner: No Other Land (Basel Adra, Rachel Szor, Hamdan Ballal a Yuval Abraham)
Nominéiert waren och nach:
- Black Box Diaries (Shiori Ito, Eric Nyari an Hanna Aqvilin)
- Porcelain War (Brendan Bellomo, Slava Leontyev, Aniela Sidorska a Paula DuPre' Pesmen)
- Soundtrack to a Coup d'Etat (Johan Grimonprez, Daan Milius a Rémi Grellety)
- Sugarcane (Julian Brave NoiseCat, Emily Kassie a Kellen Quinn)
Beschten Dokumentar-Kuerzfilm
Gewënner: The Only Girl in the Orchestra (Molly O’Brien a Lisa Remington)
Nominéiert waren och nach:
- Death by Numbers (Kim A. Snyder a Janique L. Robillard)
- I Am Ready, Warden (Smriti Mundhra a Maya Gnyp)
- Incident (Bill Morrison an Jamie Kalven)
- Instruments of a Beating Heart (Ema Ryan Yamazaki an Eric Nyari)
Sämtlech Detailer fënnt een och um Site vun den Academy Awards.